Diskussioun:Banque internationale à Luxembourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

eng Fro u méiglech Spezialisten: Ech si mer net 100% sécher, ob dat, wat ech geschriwwen hunn, esou stëmmt, d.h. datt d'BIL SA 2012 (nei?) gegrënnt ginn ass: Wa komplett nei Actionnairen eng Boîte vun enger anerer iwwerhuelen, ass et dann eng nei S.A., oder bleift se déi selwecht wéi virdrun. (Emol dovun ofgesinn, datt aus Marketingsgrënn deen "alen" Numm revitaliséiert gouf an op déi laang Geschicht higewise gëtt ("1856" am Logo))? Falls déi Ausso net stëmme géif, wéi kinnt een dat besser dréinen? --Zinneke (Diskussioun) 08:31, 3. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Salut,
E Bléck an de Legilux ass an deem heite Fall hëllefräich.
http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=BANQUE+INTERNATIONALE&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2012&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2012&sl_d2=3&sl_m2=5&sl_y2=2012&page_len=100&page_no=1&idm=18562200017&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
Do ass just rieds vun engem Changement de dénomination. Den Artikel, wéi en am Moment ass, ass also falsch. D'BIL ass _net_ 2012 gegrënnt ginn. D'Date de constitution ass ëmmer 1856.  :-) -- 213.31.217.82 10:17, 3. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, villmools merci, dat ass kloer (a gouf geännrert). --Zinneke (Diskussioun) 15:02, 3. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ännerungen fir Banque Internationale à Luxembourg[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hu gesinn dat meng Ännerungen net ugeholl gi sinn. Ech muss dës Ännerungen awer machen am Numm vun der BIL; ech schaffen am Service vum Digital Marketing an eis Wikipedia Texter mussen op all Sprooch iwerdeneen stëmmen.

Merci fir Är Hëllef!

BIL SA


Moien d'Wikipedia ënnersteet net der Direktioun vun der BIL an et muss guer näischt gemaach ginn. Wann eppes formell net richteg ass soll dat mat Begrënnung verbessert ginn a soss näischt. Biller aus dem Text huelen ass och net déi Sonndes Manéier. --Les Meloures (Diskussioun) 07:35, 30. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, et geet ganz einfach drëms, datt deen Text, deen Dir amplaz vun deem deen do stoung agesat hutt, a) manner Informatiounen hat; b) stilistesch net enzyklopedesch war (vill Marketings-Loftblose-Wuertbausteng ouni konkret Ausso, duerchernee vu Présent a Passé, asw), sou dass déi fréier Versioun allemol besser ass an emol bleift. Natierlech kann een do nach dës an déi Prezisioune bäiflécken (mat Quell). D'Wikipedia ass nun eemol keen Annonceblat a keng Hoepage, mee eng Enzyklopedie, mat hiren eegene Reegelen, wat an a wat fir enger Form do drakënnt/steet,
A wann Dir mengt, d'Texter zu Artikelen an alle Sproochversioune vun der Wikipedia missten iwwereneestëmmen, dan invitéieren ech Iech, emol iergend ee belibegen Artikel ze huelen an d'Sproochversiounen ze vergläichen: Ech mengen net datt dat de Fall wier. --Zinneke (Diskussioun) 08:46, 30. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

D'BIL: eng 100%-lëtzebuergesch Bank?[Quelltext änneren]

Salut, am Flydoscope Nr. 5 2016, am Artikel mam Titel

100% Luxembourg banks
The Grand-Duchy has 141 banks from 27 countries, but only five are independent Luxembourg-based institutions. Who are they?

steet d'BIL ënner den 100% Luxembourg Banks. Den Auteur vum Artikel, de Stephen Evans, ass offensiichtlech en (?onofhängege) Kenner vun der Finanzwelt zu Lëtzebuerg, op Linkedin presentéiert hie sech esou:

English mother-tongue copywriter/journalist specialising in finance & business.

Iwwer d'BIL schreift hien (Flydoscope Nr. 5 2016 S. 108):

In 2011, 90% of its capital was sold to Precision Capital (a Luxembourg financial sector investment company backed by Qatari individuals) with 10% taken by the Luxembourg state.

Wann ech dat richteg vestinn: d'Bil gehéiert zu 90% der Precision Capital, enger lëtzebuergescher Investmentbank (?oder Investitiounsfong), déi ganz(?) oder gréissendeels Leit aus dem Qatar gehéiert. Op een da wierklech d'BIL als eng 100%-lëtzebuergesch Bank bezeechne kann, weess ech net, ech kennen einfach net genuch dervun. --Cayambe (Diskussioun) 19:19, 9. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, hautesdaags, wou grouss Firmen aus engem Mille-feuille vu FIlialen a Bréifboîten a verschiddene Länner bestinn, deenen hir"Nationalitéit" just an deem Sënn relevant ass, datt se hëlleft, Steieren ze "optiméieren", a wou Geschäfter mat Suen aus der ganzer Welt a Form vun Aktivitéiten an der ganzer Welt gemaach ginn, ass déi Fro bal en Anachronismus, wéi "since 1856" als Reklammsslogan... --Zinneke (Diskussioun) 11:26, 10. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]