Benotzer Diskussioun:Cayambe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

Datt d'Bild net ugewise gëtt, huet mam Format vum Bild ze dinn. D'Software vun der Wiki verdréit verschidde Pixelzuelen a gewësse Formater net. Fro mech awer elo net watereng, well déi Erklärung krut ech viru 4 Joer, an den Aloys gëtt all Dag méi aktiv :-)

Les Meloures 10:59, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Ech mengen du iers dech net. Les Meloures 17:34, 28. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech huelen un datt déi eng Lëscht ka geläscht ginn, oder brauchs de se nach als Virlag? Les Meloures 12:13, 21. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

D'Biller goufe geläscht. Les Meloures 10:30, 29. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech hat gemierkt. Les Meloures 08:33, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech sinn nach net derhannertkomm wourunner et läit, mee iergendwéi hu se beim Kadaster net gemierkt, datt een hautdesdaags den "ä" duerchaus och esou drécke kann. Esou wéi si et ëmmer nach schreiwe misst een elo Ka-elbaach soen an dat ass och vun hinnen net esou gewollt. Deeselwechte Problem hu mer beim Stäbierg, Steebierg fir d'Stadter, an nach ëmmer Staebierg beim Kadaster. --Otets 20:47, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut Cayambe,

Dëst Bild huet keng Lizenz op Commons. Kuck dat mol w.e.g. no, soss gëtt et eventuell do geläscht.

Lizenz nogeliwwert, merci. --Cayambe 19:32, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]


Gudden Owend, Du hues eng Mail an denger Këscht. Les Meloures 19:21, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

iwwer Réckelen nei Uleeën a Läschen[Quelltext änneren]

Moie Cayambe,

du has e Lemma, dee falsch war, verbessert, andeems de n en ënnert senger richteger Appellatioun ugelucht hues, den Inhalt aus deem falschen eriwwerkopéiert an da gefrot hues, dee falschen ze läschen. Dat war zwar gut gemengt an net onlogesch, mee an deem Fall wier dee ganzen Historique vum 'ale falsche' Lemma verschwonnen.

Fir dat ze vermeiden, muss een den Artikel fir d'éischt op dee richtege Lemma réckelen. Wann een dann iwwerpréift huet (duerch klicken op 'Linken op dës Säit') ob näischt méi op deen alen Numm hilinkt, a, wa jo, déi Linken verbessert huet, kann een dee falsche Lemma läschen.

Keng Suerg,d'Saach ass elo an der Rei. --Zinneke 21:32, 11. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Et geet net duer fir nëmmen den éischte Buschtaf vum Hausnumm ze liesen. ;-) Merci fir d'Verbesserung. --Fliedermaus 17:49, 1. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Link am Artikel Laurent Menager[Quelltext änneren]

Salut,

Am Artikel Laurent Menager hunn ech als Test e Link op dem Robert Zenner säin Artikel gemaach. Klappt dat esou ? --Fliedermaus 17:33, 3. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudden owend,

Merci fir d'Aarbecht bei der Kategorisatioun vun den Historesche Biller. Les Meloures 21:34, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 09:05, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Moie Cayambe,

merci datt s de bei de Patrimoines-Artikele mathëllefs. Waart just een Ablack w.e.gl iers de virufiers: Wéi um Staminee ze liesen, leeft eng Diskussioun mam Multichill, ob et sënnvoll a méiglech ass, e 'standardiséierte' System mat Templates (amplaz der preformatéierter Tabell, wéi ech se vun de:Wiki geknäipt hat) ze benotzen. Besonnesch d'Fro, ob dat bei eis geet, wou mer keng 'offiziell' Nummer vun den 'Objeten' hunn, ass vu Relevanz. Mär ass et prinzipell egal, béides léisst sech gläich einfach afëllen, mee et wier schued, wann een härno alles nees iwwrschaffe misst, wat gemaach gouf. Dofir wëll ech secher sinn, datt dee virgeschloene System hei klappt, ier mer dann dozou iwwerginn, an esou "just" eng 30 nom 'ale' System wieren (déi dann e Multichill gär ännere kann, wann en esou op sengem System hält).--Zinneke 13:36, 23. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hu bei deene leschten d'Schabloun vum Multichill agebaut. Et geet ganz einfach, se ze knäipen an z'applizéieren. Wann s De Loscht hues, kanns De jo och domatter virufueren. D'Ëmännere vun deem scho Gemaachten ka roueg waarden.--Zinneke 14:00, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

The L-word[Quelltext änneren]

Moie Cayambe, Du hues warscheinlech och de Message um Staminee gesinn, datt et mat "NC"-Lizenze kriddelech gëtt, konkret, datt do iergend eng Kéier en Donnerwieder fälleg ass, wa mer net selwer eppes maachen. Du hues virun enger Zäitchen eng Partie Biller ënnert der "net fir komerziell Zwecker"-Lizenz eropgeluede gehat, wéi déi ganz Diskussioun dorëms nach zu kenge schlëssege Resultat komm war. Wann ech Der eng Propositioun maache dierf: hei sinn se all beieneen. Dat "bescht" (am Sënn vun der Wiki) wier natierlech, Du giffs se op CC-by-sa ëmlizenzéiern. Du hues Der ëmmerhin d'Méi gemaach, se ze maachen an eropzelueden, mam Zil, se aneren zougänglech ze maachen, an se erfëllen hiren Zweck, d'Wëssen iwwert eppes ze beräicheren. Mee dat ass selbstverständlech Däi perséinleche Choix. Du dierfs natierlech och verschiddenenr Meenung je no Foto sinn. A wann s De se léiwer geläscht geséichs, wéi ënner anerer Lizenz, gëlt et dat natierlech och ze respektéieren. An deem Fall setz eng "Schabloun:Läschen" drënner, da kann een dat (smat schwéierem Häerz) an engem Siess maachen. Mee wéi gesot: Ech hoffen, Du bass d'accord se ëmzeswitchen. --Zinneke 14:00, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci Zinneke, datt meng NC-Biller elo beienee stinn. Ech war mer 'deemools' dem Problem net bewosst, an hat mech vun aneren hei zur NC-Lizenz verleede gelooss.
Ech ënnerstëtzen déi fräi Lizenzen op der Wikipedia an och op Commons voll a ganz. Also: ech lizenzéieren meng NC-Biller ëm. Esou bal ech Zäit hunn, lueden ech se och op Commons erop, esou datt se hei kënne geläscht ginn.
Ech ënnerstëtzen Deng Propos vun, op 'eiser' Eropluedsäit, enger Weiderleedung op d'Eropluedsäit vu Commons. De Fair-Use solle mer mMn fir Ausnahmefäll bäibehalen, dat esou wéi et op der En-Wiki definéiert ass (kleng Opléisung, asw). Beschte Gréiss... a merci fir déi vill Aarbecht ëm d'Ëmgeréits --Cayambe 15:47, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ganz d'accord fir d'Ausnamefäll fir (justifiéierte) Fair use a Logoen. Déi meescht Aarbecht beim Klasséiere koum vum Les Meloures a vum MGA73; ech reechen de Merci gären u si weider. --Zinneke 12:03, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Du brauchs der d'Aarbecht net extra ze maache fir se op Commons eropzelueden. Den MGA an de BJung maachen déi Transferen, wann d'Biller eng korrekt Lizenz hunn. -- Les Meloures 12:25, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut,

Am Mémorial ginn se e Quercus sp. un. Hues du eng Anung wat dat soll sinn. Ech hu bis elo nach ni eng Ofkierzung sp bei den Eeche gesinn. Kann et sinn datt dat am Mémorial e Schreiffeeler ass. Les Meloures 10:06, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut, sp. ass d'Ofkierzung fir species a gëtt da gebraucht wann een d'Aart net weess.

Et ass also eng Quercus robur, Stilleech, oder Quercus petraea, Wantereech. Et ass also scho richteg esou am Memorial.

Selwer kennen ech de Bam 'op Héselter' bei Béiwen/Atert net. An den Arbres remarquables vun 2002 ass en an der Lëscht opgezielt, huet awer keen eegenen Artikel. De Fr. M. huet mer viru kuerzem gezielt, datt ufanks 1980er Joeren d'bemierkenswäert Beem aus dem Kantonnement ?Miersch systematesch op den Inventaire supplémentaire gesat goufen, wat erkläert firwat do méi Beem ewéi soss am Land klasséiert sinn... an anerer soss doruechter, déi méi impressionnant sinn, net. --Cayambe 10:36, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Erklärung. -- Les Meloures 11:15, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Vijellëscht[Quelltext änneren]

Moie Cayambe,

flott datt s de dech der Vijellëscht emol unhëls (déi Dommheet mat de klenggeschriwwenen Aartennimm war vu mär - viru Joren, wou ech nach net dank Wiki wosst, wéi dat misst sinn). Ech gesinn, du probéiers, d'Tabellemodell vun de nat. Monumenter op d'Vijelslëscht z'iwwerdroen. Denk vläit drun, virzegesinn, datt vill vun deenen Déiercher eng Abberzuel vu ltz. Nimm hunn, a wéi een esou Doubletten an enger Lëscht am beschte berücksichtege kënnt (Ech hunn elo grad keng Léisung parat). Wann de Kader bis steet (an iers de ufänks, opzefëllen), maach vläit eng Diskussioun doriwwer op; meng technesch Kenntnisser sinn do zimmlech begrenzt; an dat verhënnert, datt s de vläit nees alles ëmbaue misst.

E schéinen Dag,

--Zinneke 10:31, 14. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! Could you add a license template on File:RippegKinséckerhaffEechen05.jpg and File:MunnerefGrandChef01.jpg --MGA73 19:50, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Done for both. But please note that the Crative Commons was clearly mentioned in the file description. --Cayambe 20:20, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Thank you. Yes I noticed. But you are an active user so I thought it would be fair to let you choose which version of Crative Commons you prefered :-) --MGA73 19:13, 18. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Thanks for the feedback. Cheers, --Cayambe 19:29, 18. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

I also noticed this file Fichier:FlechtCladoniamacilenta01.jpg. Who took the photo? Text says both "Photo Marc Lafontaine" and "Auteur: lb : User: Cayambe" and on Commons the name on your userpage is not Marc :-) --MGA73 21:17, 4. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

The photo was taken by Marc Lafontaine who donated it for publication under the CC license. Sadly, Paul L. is no more alive and there is therefore no proof of that. I'd like to suggest to delete the file. Best wishes, --Cayambe 07:28, 5. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! Is it possible to add a source? Perhaps a link to the original map? Unless ofcourse you made it all from scratch :-) --MGA73 18:11, 29. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Merci fir d'Foto vum Graf!--Fliedermaus 16:19, 15. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

"Jungblut-Kënschtler"[Quelltext änneren]

Moien,

Kéins du, falls de Zäit a Loscht hues, an der Anthologie des arts au Luxembourg nokucken op d'Gebuerts- an Doudesdatumen (mat den Uertschaften) vun de "Jungblut-Kënschtler" ze fanne sinn?

--Fliedermaus 16:02, 24. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Recherchen. Vum Corneille Lentz hu mir och nach kee Gebuertsdag.--Fliedermaus 17:46, 24. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Robert Stumper och Foussballspiller (Goalkeeper)?[Quelltext änneren]

Bonjour,

Op den Internetsäiten: Lëscht vun de Lännermatcher vum Robet Stumper op European Football, Portrait vum Foussballspiller Robert Stumper op Football Database.eu an De Robert Stumper um Site weltfussball.de geet vun engem Robert Stumper riets deen 1913 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt huet. Leider as sop deenen dräi Site kee Gebuertsdatum fir de Goalkeeper Robert Stumper uginn. Weder am Autorenlexikon nach am Luxemburge Lexikon ass beim Robert Stumper ernimmt datt deen och Foussball gespillt huet. Wou kann een do vläich tméi gewuer ginn?

mat beschte Gréiss --Robby (Diskussioun) 15:35, 3. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


SSMN Lëscht[Quelltext änneren]

Moien, a merci datt s'de dech der Saach unhëlls. An deem Fall wier et besser, eng Schabloun ze maachen, da brauch ee bei enger ereneierter Ännerung vun der Adress just déi ze änneren, amplaz 100 säiten. Dat wier: Schabloun:SSMN Link Lëscht --Zinneke (Diskussioun) 08:03, 18. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, fir d'éischt emol Félicitatiounen zu dengem Bild vum Dag (am September) vu Fogo.

Dann zu deem Bild hei: FU ass de Reegelen no net méiglech; wann den Auteur vum Bild Der d'Erlaabnis ginn heut, et op d'Wiki eropzelueden, wier et vläit méiglech, nozefroen, ob e mat enger fräier Lizenz averstane wier (eventuell kinnt een et an enger manner héijer Opléisung eroplueden?) Dat misst da via OTRS confirméiert ginn... --Zinneke (Diskussioun) 16:08, 29. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Please see your Commons talk page WhisperToMe (Diskussioun) 03:50, 1. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]


Moie Cayambe,
Kanns du der dës Diskussioun emol ukucken. --Les Meloures (Diskussioun) 15:50, 10. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Hi. I wonder if this is own work (you are the photographer) or how to understand it? A modified version is here: File:Cladonia macilenta Flecht 01 ww.jpg (local and on Commons). --MGA73 (Diskussioun) 15:37, 22. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Hi.
1. File:FlechtCladoniamacilenta01.jpg is by Marc Lafontaine, who died a few years ago. Paul allowed me to upload it here. I have now 'corrected' the contradictory info regarding the authour and source in the file description.
As it is no more possible for the author (Marc Lafontaine) to confirm his permission, I would like to suggest to delete the file from the lb-WP. The more so as a number of excellent replacement files are available on Commons (see here).
2. File:Cladonia macilenta Flecht 01 ww.jpg on Commons is a derivative of the former, with nothing else than a slight modification of the tone mapping by Cornischong. The latter user is no more active here since about two years.
Thank you, in general, for helping to clarify the licence-problems with so many pictures here. Cheers, --Cayambe (Diskussioun) 19:42, 22. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Moie Cayambe, kleng mail an denger Këscht. --Les Meloures (Diskussioun) 08:13, 24. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Diskussioun:Jean-François Eydt[Quelltext änneren]

Moien,

Hei wësst Dir vläit méi: Villa Baldauff oder Villa Schaefer?

an och well Dir sengerzäit dëst am Artikel geschriwwen hat:

* De Jean-François Eydt huet an enger Villa mat Bléck op d'[[Péitruss]]dall gewunnt, déi no senge Pläng gebaut gouf. Hien ass do de 5. Juni 1884 gestuerwen. D'Haus gouf spéider als Villa Baldauff bekannt.<ref name="Loutsch 1982"></ref>

hut Dir eventuel d'Ënnerlage fir dat ze elucidéieren.

Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:17, 29. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Schwaarzkifer[Quelltext änneren]

Moie Cayambe, entschëlleg w.e.g. Ech hat d'Schantjesschëld iwwersinn, ech hoffen datt kee Konflikt entstoung --Les Meloures (Diskussioun) 08:27, 14. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Ass net schlëmm, et ass kee Schued entstanen :-) --Cayambe (Diskussioun) 08:33, 14. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Naturschutz Fleesch[Quelltext änneren]

Moien,

An deem Artikel steet e Schantjesschëld. Hues de vergiess et erauszehuelen oder wolls de nach um Artikel schaffen? Bonjour an d'Ländchen --Les Meloures (Diskussioun) 19:18, 22. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Participate in the Ibero-American Culture Challenge![Quelltext änneren]

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board :)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:15, 10. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:41, 12. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Greetings! I would like to ask you to translate the article in Luxembourgian and add it to the Luxembourgian Wikipedia. If it's not your beer, may be you can as somebody else to it. Thank you a lot in advance!

Moien, Dir hutt am Artikel iwwert d'UGRM verschidden Ännerunge bezüglech kleng- a Groussschreiwung virgeholl. Mir ass bewosst, dass dat wat ech geschriwwen hu grammatikalesch net richteg ass, allerdéngs sinn dat déi offiziell Schreifweise säitens der Police, also och déi, déi richteg sinn. Ech géif dowéinst gär d'Bezeechnungen an hir Ursprongsschreifweis zrécksetzen, wat sot Dir dozou? Ech hunn iwwregens e Link an den Artikel bäigesat, deen op d'Säit vun der Police leet. Bescht Gréiss, Helicopter2011

Méchelskierch[Quelltext änneren]

Moien,

den Artikel aus der Revue vu 1951 ass effektiv genau sou iwwerschriwwen

Merci

Translation request[Quelltext änneren]

Hello.

Can you translate and upload the article en:List of birds of Azerbaijan in Luxembourgish Wikipedia?

Yours sincerely, Karalainza (Diskussioun) 18:40, 21. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]