Robert Stumper

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Stumper (1895-1977)

De Nicolas Camille Robert (Bob) Stumper (ausgeschwat: Stümper [1]), gebuer den 21. Januar 1895 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 15. Abrëll 1977 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Chemiker, Zoolog an Naturwëssenschaftler. Hie war Employé op der ARBED.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich ass de Robert Stumper vum 5. November 1941 bis den 10. Mäerz 1942 [3] vun de Preisen zu Hinzert internéiert ginn.[4]

1945 gouf hien an d'Assemblée consultative genannt.[5][6]

De Wëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

International gouf hie bekannt duerch seng wëssenschaftlech Seechomesse-Fuerschungsaarbechten. No him gouf eng nei entdeckten Aart benannt: Epimyrma stumperi Kutter, 1950.

De Robert Stumper war vun 1933 u President vum Daachverband vun de Volleksbildungsveräiner (Associations pour l'éducation populaire) zu Lëtzebuerg. Hie war President vum Comité d'action fir d'Monument zu Éiere vum Moler Joseph Kutter am Park an der Stad Lëtzebuerg am Joer 1969.

Vun 1963 bis 1975 war hie President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal.

De Foussballspiller[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 1913 zu Paräis.
Uewe v.l.n.r. Jemmy Becker, Michel Ungeheuer, Eugène Becker, Henri Schwartz, François Lang, Victor Kauth, Jean Massard, François Krebs, en Offiziellen
Ënne v.l.n.r. Josy Faber, Robert Stumper, Emile Thill, Ady Reckinger

De Robert Stumper war Golkipp vun der Lëtzebuerger Foussball-Nationalequipe vun 1911 u bis 1916, a stoung 1913 am Lännermatch géint Frankräich am Gol.[7][8]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Stumper huet sech de 25. Mee 1926 mat der Marthe Anne Henriette Mersch bestuet. Sie ass de 14. Abrëll 1901 gebuer; hir Elteren waren den Eugène Mersch an d'Marie Müllendorff.[9]

Gielercher an Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. September 1985 huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert, eng Strooss am Quartier Gaasperech nom Robert Stumper ze benennen. Dës Rue Robert Stumper verbënnt d'Rue Fr. W. Raiffeisen mat der Rue Émile Bian.[12]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stumper, Robert, 1949. Gestapo-Terror in Luxemburg. Esch-sur-Alz. : Impr. H. Ney-Eicher. 40 p.
  • Stumper, Robert, 1951. Souvenirs d'Hinzert. In: Rappel, Organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 6 (6), S. 309-317.
  • Stumper, Robert, 1951. Hinzert. In. Livre d'or de la Résistance luxembourgeoise de 1940-1945 / éd. sous les auspices de la L.P.P.D. par Nicolas Bosseler et Raymond Steichen. H. Ney-Eicher, Esch-sur-Alzette, S. 47-51.
  • Stumper, Robert, 1951. Études myrmécologiques. X. La myrmécobiose (avec une figure). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55: 31-43. [3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 5-214 (Robert Stumper: S. 154-156). [4]
  • Weiss, R., 1979. Robert Stumper, 1895-1977. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 38(1977/1978), S. 15-25.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am Gebuertsakt, deen op Däitsch verfaasst ass, steet deementspriechend och "Stümper" (État civil vu Gréiwemaacher). De Stumper selwer huet déi franséisch Schreifweis (mat "u") benotzt.
  2. Quell: Doudesannonce am Luxemburger Wort 1977, Nr. 93 (22. Abrëll), S. 13, an am Tageblatt 1977, Nr. 94 (23. Abrëll), S. 29. De R. Weiss (1979) gëtt iertemlecherweis de 14. Abrëll als Stierfdag un, dohier deeselweschte Feeler beim J.A. Massard (1990). Eng Randnotiz um Gebuertsakt vum Stumper confirméiert de 15. Abrëll an de Stierfuert Lëtzebuerg. An der Rubrik "Décès" vum Républicain Lorrain vum 17. Abrëll 1977 (Nr. 91), S. 6, ass de Robert Stumper mat sengem éischte Virnumm als Nicolas Stumper ernimmt ginn.
  3. Rappel, Jg. 2, Nr. 11, Mee 1948, S. 806.
  4. Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 46 an 155.[1]
  5. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994
  6. Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l'Assemblée consultative, publizéiert am Mémorial Nr 12 vum 9. Mäerz 1945, S. 91
  7. Friedrich, E., 1970. Robert Stumper 75. In: Revue, 25(1970) (4), S. 28-31.
  8. De Match op der Websäit vun der IFFH, mat Foto vum "Bob" Stumper
  9. Personnagen: Marthe Anne Henriette Mersch, 14. April. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 72 /14./15. April), S. 31.
  10. Memorial A N°10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  11. Biographie vum Robert Stumper um Site luxemburgensia.bnl.lu ofgeruff de 25. Januar 2014
  12. Fanny Beck: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad 79/2005, S. 32. [2]