Émile Bian
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Émile Bian | |
---|---|
Gebuer |
11. Juli 1873 Réiden op der Atert |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1918 Dummeldeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Industriellen, Politiker |
Famill | |
Papp | Léopold Bian |
Den Émile Bian, gebuer den 11. Juli 1873 zu Réiden op der Atert, a gestuerwen den 28. Mäerz 1918 zu Dummeldeng[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen[2] a Politiker.
Bei den Ersatzwale fir d'Chamber am Kanton Lëtzebuerg-Land den 11. Abrëll 1916 gouf de Bian mat 2570 Stëmmen als Deputéierte gewielt[3]. Hie war Member vun der Chamber bis zu sengem fréien Doud am Joer 1918[4].
Den Nottär a Politiker Léopold Bian war säi Papp.
Op der Cloche d'or ass eng Strooss nom Émile Bian benannt[5].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ notiz iwwer den Doud vum Émile Bian an der Obermosel-Zeitung vum 29. Mäerz 1918
- ↑ Den Émile Bian op geneanet.org
- ↑ Artikel iwwer d'Ersatzwalen am Kanton Lëtzebuerg-Land am Luxemburger Wort vum 12. Abrëll 1916
- ↑ Cf. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 510.
- ↑ Artikel iwwer d'Rue Emile Bian an Ons Stad N°108 vun 2015 op der Säit 73