Léopold Bian
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Léopold Bian | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | François-Joseph-Léopold Bian |
| Gebuer |
1832 Useldeng |
| Gestuerwen |
25. Juni 1899 Réiden op der Atert |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Nottär |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Famill | |
| Kanner | Émile Bian, Félix Bian |
|
| |
De François-Joseph-Léopold Bian, gebuer de 17. Februar 1832 zu Useldeng, a gestuerwen de 25. Juni 1899 zu Réiden op der Atert, war e lëtzebuergeschen Nottär[1] a Politiker. Hie war vun 1860 bis 1899 Nottär zu Réiden op der Atert.[2]
Hie war vum 5. Januar 1869 bis den 8. Juni 1875 an duerno nees vum Juni 1893 bis zu sengem Doud als Deputéierten aus dem Kanton Réiden an der Chamber[3] a vum 1. Januar 1894 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Réiden op der Atert[4].
Hie war de Papp vum Émile a vum Félix Bian[5].
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau [3],[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Léopold Bian op geneanet.org
- ↑ Lëscht vun den Nottären zu Lëtzebuerg op rootsweb.ancestry.com
- ↑ 3,0 3,1 Kuerz Biographie vum Léopold Bian am Luxemburger Wort vum 26. Juni 1899
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschter vun der Gemeng Réiden op der Atert op der Websäit vun der Gemeng Réiden op der Atert
- ↑ Nokomme vum Léopold Bian op gw.geneanet.com
- ↑ 'Commandeurkreuz 2. Klasse' = Commandeur an 'Commandeurkreuz 1. Klasse' = Commandeur avec couronne
