Joseph-Kutter-Stèle
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Stadpark |
Koordinaten | 49°36'54,569"N, 6°7'40,904"O |
Ageweit | 19. Dezember 1969 |
Material | Marber |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
Zu Éiere vun | Joseph Kutter |
D'Joseph-Kutter-Stèle ass e Monument zu Éiere vum Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter am Park virun der Fondation Pescatore an der Stad Lëtzebuerg.
D'Monument besteet aus engem Sockel deen eng abstrakt Skulptur vum Lucien Wercollier dréit. D'Skulptur, déi de Kënschtler L'Accord genannt huet, ass aus wäiss bis liicht rosa-bloem portugisesche Marber. Um Sockel vun der Skulptur steet geschriwwen:
Au peintre
Joseph Kutter
1894 – 1941
D'Monument gouf am Dezember 1969 a Presenz vun der Groussherzogin Joséphine-Charlotte ageweit.
D'Skulptur vum Wercollier
[änneren | Quelltext änneren]D'Skulptur, mam Numm L'Accord, gouf an zwou Versioune vum Kënschtler realiséiert:
- eng kleng Versioun, vun 1965, am wäisse Carrara-Marber; si ass am Besëtz vum Musée des beaux-arts zu Metz;
- eng grouss Versioun, vun 1969, aus rosafaarwegem, portugisesche Marber[1],[2]; si war fir d'Kutter-Monument virgesinn[3].
Historique
[änneren | Quelltext änneren]De Joseph Kutter war den 2. Januar 1941 am Alter vu 46 Joer gestuerwen.
D'Initiative fir e Monument zu senger Éier goung vu senge Frënn aus, déi sech 1946, no den zwou Kutter-Retrospektiven zu Lëtzebuerg an zu Paräis, zesumme gedoen hate fir sou e Monument ze plangen.
De Professer Norbert Stelmes wollt e Monument um Lampertsbierg, op der Plaz virum Kutter sengem Haus, opriichte loossen. Dëse Projet gouf awer net realiséiert. 20 Joer méi spéit, gouf d'Iddi vum Norbert Stelmes erëm opgegraff.
D'Frënn vum Kutter hunn en Aktiounscomité gegrënnt, vun deem d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte de Patronage iwwerholl huet. D'Initiative gouf vum deemolege President vun der Chamber, de Membere vun der Regierung, dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, a ville Privatleit ënnerstëtzt.
Et gouf sech op eng Plaz am Pescatore-Park gëeenegt, an eng Souskriptiounslëscht an der Presse huet genuch Suen zesummebruecht fir de Projet ze realiséieren.
D'Aweiung vum Monument, a Presenz vun der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, war den 19. Dezember 1969. D'Jackie Kutter, e Kandskand vum Moler, huet d'Monument opgedeckt.
De Robert Stumper, President vum Organisatiounscomité huet eng markant Ried gehalen. Zur Skulptur huet hien dat heite gesot: Lucien Wercollier … « a su, par une émouvante synthèse, évoquer l'art du peintre en symbolisant à la fois sa puissance et son originalité, sa qualité et sa vérité, jusqu'à sa bipolarité ».
Dëst war déi éischt Kéier datt zu Lëtzebuerg e Monument fir e Moler opgeriicht gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Léon Blasen, 1985. Joseph-Kutter-Stèle im Pescatore-Park. Télécran Nr. 9 (2-8.3. 1985), S. 20-21.
- Joseph-Émile Muller, 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. an 80 schwaarz-wäiss Fotoe vun enger Auswiel vum Wercollier senge Skulpturen. Tafel 46: L'Accord.
- Joseph-Émile Muller, 1983. Lucien Wercollier. Publication de la section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal-Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul. 132 S. (Mat schwaarz-wäissen a faarwege Fotoe vun enger Auswiel vum Wercollier senge Skulpturen. S. 62: L'Accord).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Am Pescatore-Park:
- Le passe-muraille, eng Skulptur vum Jean-Bernard Métais
- Bam vum Prënz Jean, e bemierkenswäerte Käschtebam
- Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:
- Le prisonnier politique beim Hinzerter Kräiz um Lampertsbierg
- L'envol a L'éternel féminin am Park Neuman um Lampertsbierg
- Interpénétration um Boulevard Royal
- Croissance beim europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg
- Signe dans l'espace um Zens
- La rampante um Geesseknäppchen
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ J.-É. Muller 1976, 1983 (S. 116).
- ↑ Linda Eischen, 2003. Biographie. In L. Eischen, coord.: Lucien Wercollier et ses amis peintres Gillen, Probst, Stoffel, Trémont. Exposition à la villa Vauban. 108 S. ISBN 2-919878-48-4. (Cf. S. 76).
- ↑ Portugisesche Marber mat rosaen a bloe Faarftéin kënnt vun Estremoz (Estremoz-Rosé).