Norbert Stelmes
Ausgesinn
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Norbert Stelmes | |
---|---|
Gebuer | 25. Mee 1915 |
Gestuerwen | 6. Juni 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Den Norbert Stelmes, gebuer de 25. Mee 1915 zu Ëlwen, a gestuerwen de 6. Juni 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Lycéesprofesser, Komponist a Pianist. Hien huet Mathematik- a Physik enseignéiert, ë. a. am Lycée Robert-Schuman, wou hien de 27. Oktober 1945 seng Nominatioun krut.
Hien huet Marschen, Lidder, Chansonsen a Filmmusek komponéiert a Gedichter vertount, ë. a. vum Rainer Maria Rilke.
1946 huet hien d'Jeunesses musicales Luxembourg mat gegrënnt a war och hiren éischte President.
Den Norbert Stelmes huet d'Initiative fir d'Opriichte vum Monument zu Éiere vum Joseph Kutter (1969) an der Stad Lëtzebuerg an d'Wee geleet.
Kompositiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Letztes Glück, 1938
- Marche de la Foire internationale, 1954
- Impromptu en mi bémol mineur, 1956
- Elegie, 1958
- Comme une balade, 1984
- Valse triste, 1984