Jeunesses musicales Luxembourg

Vu Wikipedia

D'Jeunesses musicales Luxembourg war eng lëtzebuergesch Associatioun déi sech d'Zil gesat hat, de Kanner an de Jugendlechen zu Lëtzebuerg d'Freed un der Musek, besonnesch och der klassescher Musek, ze vermëttelen, dat virun allem duerch d'Organisatioun vu Concerten a Konferenze fir Schoulklassen.

D'Jeunesses musicales Luxembourg huet de Prix Norbert-Stelmes organiséiert, mat deem jonk Museker vu Lëtzebuerg ausgezeechent goufen. D'JML war de Jeunesses musicales international ugeschloss.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeunesses musicales Luxembourg gouf 1946 gegrënnt. Éischte President war den Norbert Stelmes (1915-1986). 1947 huet d'Organisatioun sech de Jeunesses musicales internationales ugeschloss.

Nodeem d'Organisatioun eng Rëtsch Joren an der Ëffentlechkeet kaum visibel war, huet se den 23. Oktober 2011 hire 65. Anniversaire mat engem Festconcert gefeiert an d'Erëm-Opliewe vum Veräin annoncéiert. De 17. Dezember 2012 gouf de Veräin opgeléist.[1],[2]

Follgend Facteuren hunn dozou bäigedroen, datt d'Jeunesses musicales sech hu missen opléisen:[3]

  • de Jeunesses musicales hire Programm war deels net méi zäitgeméiss;
  • verschidde Ministèren hunn hir finanziell Bäihëllefe respektiv d'Fräistelle vu Poste mat der Zäit reduzéiert;
  • d'Philharmonie an den OPL hunn zanter Joren hiren eegene musikalesche Kannerprogramm, deen erfollegräich leeft.

Sourcen[änneren | Quelltext änneren]

  • Carré, G., 2013. Fin des Jeunesses musicales du Luxembourg. « This is the end, my friend ». Faute de moyens et de combattants Jean Wenandy et Guy Jourdain jettent l'éponge. Luxemburger Wort vum 12. Januar 2013, S. 11.
  • Conrad, D. 2011. 65 Jahre "Jeunesses musicales Luxembourg". "Wandel in der Kontinuität". Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2011, S. 15.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. Carré, Luxemburger Wort vum 12. Januar 2013, S. 11.
  2. Cf. d'Säit Accueil op www.jml.lu [besicht den 29.01.2013]: "LES JEUNESSES MUSICALES DU LUXEMBOURG CESSENT LEURS ACTIVITES: Les responsables des Jeunesses Musicales du Luxembourg regrettent de devoir annoncer la cessation de toutes les activités de l'asbl au 31 décembre 2012, suite à la décision prise par le Conseil d'administration et les membres-associés de l'asbl lors d'une Assemblée générale extraordinaire qui s'est tenue le 17 décembre 2012."
  3. Quell: Dageskronik vum 29.01.2013 vu 7:50 - 08:00 Auer um 100,7. De Guy Engels an enger Kulturchronik «d'une mort presque annoncée». (Rediff. um 12.50)