Lëtzebuerger Philharmoniker
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/33/Orquesta_Luxemburgo_06_%2836424076880%29.jpg/220px-Orquesta_Luxemburgo_06_%2836424076880%29.jpg)
D'Lëtzebuerger Philharmoniker[1], fréier Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL), op Lëtzebuergesch Lëtzebuerger philharmoneschen Orchester, ass e Beruffsorchester deem säin Ursprong am Joer 1932 läit an am Joer 1996 an Orchestre philharmonique du Luxembourg ëmgedeeft gouf. Zanter 2012 bilt e mat der Philharmonie Lëtzebuerg just nach eng eenzeg juristesch Entitéit. 2023 krut en den neien Numm Lëtzebuerger Philharmoniker, op Englesch Luxembourg Philharmonic.
Den OPL gehéiert mat 99 Museker[2] zu deene gréissten Orchesteren zu Lëtzebuerg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den OPL ass aus dem Orchestre de Radio Luxembourg ervirgaangen, dee vun 1932 u vun der Lëtzebuerger Radiostatioun opgrond vun hirem Konzessiounsvertrag opgebaut gouf. D'Compagnie luxembourgeoise de radiodiffusion huet Enn 1932 dee jonke lëtzebuergesche Konzertmeister vum Westdäitsche Rundfunkorchester zu Köln Henri Pensis domat beoptraagt, e leeschtungsfäegen Orchester opzebauen, deen een zu jiddwer Zäit konnt direkt op der Antenn spillen, fir déi laang Sendepausen a -lücke vum deemolege Radiosprogramm z'iwwerbrécken. De 15. Juli 1933 ass deen neien Orchester mat sengen 20 Museker an der Villa Louvigny fir d'éischt op Antenn gaangen.[3]
Den Dagesoflaf vun dësem relativ klengen Orchester, dee beschtefalls fir Ënnerhalungsmusek vu méi héijem Niveau gëeegent war, huet moies géint 10 Auer mat Virbereedungen ugefaangen, fir de Mëttesconcert vun 12 bis 13 Auer ze spillen. Vu 15 bis 18 Auer war nees Prouf fir den Owesconcert, duerno sinn eenzel Museker nach bis 23 Auer bliwwen, fir Jazz ze spillen.
Mä de Konzessiounsvertrag huet d'Bedreiwe vun engem klasseschen Instrumentalensembel ausdrécklech virgeschriwwen, wat den Henri Pensis dozou motivéiert huet, seng Cheffe fir d'Entwécklung vun engem klassesche sinfoneschen Orchester z'iwwerzeegen. Hie konnt du relativ séier den Orchester op iwwer 30 Museker erweideren an et ass him gelongen, déi bescht heemesch Instrumentalisten aus der Militärmusek an de Conservatoiren, mä och eng Partie däitsch-jiddesch Immigranten ze rekrutéieren.
Den éischten ëffentleche Concert vum Orchestre de Radio Luxembourg war den 28. November 1933 am Casino an der Stad.
Vun 1934 u bestoung de Repertoire zu engem gudden Drëttel aus Wierker aus dem 20. Joerhonnert. De Pensis huet vu senge Museker vill erwaart: nieft der normaler Studiosaarbecht, zwéin ëffentlech Concerte pro Woch, am Studio vun der Villa Louvigny, am Casino oder am Cercle, Opféierunge vun Operen am Stater Theater an zu Munneref a Kammermusekopféierungen. All des ëffentlech Optrëtter goufe live iwwer de Radio iwwerdroen. Well Radio Lëtzebuerg deemools ee vun de stäerkste Senderen an Europa hat, gouf den Orchester séier bekannt an hat reegelméisseg eminent Solisten (Arthur Rubinstein, Jacques Thibaud, Edwin Fischer, Joseph Szigeti) a Komponisten (Milhaud, Enesco, Bartók, Tansman) zu Gaascht.
1939 gouf den RTL-Orchester aus politesche Grënn opgeléist an den Henri Pensis goung an Amerika an den Exil. Den Orchester ass 1946 nees ënner dem Henri Pensis nei entstanen, nodeem de Johny Pleger 1945 méi e klengen Ënnerhalungsorchester fir de Radio geleet hat.
Nom Zweete Weltkrich war den Elan vun den 1930er Jore gebrach. Den Orchester huet vun do u reegelméisseg mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen, bis déi Responsabel vun RTL 1996 beschloss hunn, sech definitiv vum Orchester ze trennen. Et koum 1996 ënner dem Impuls vun der deemoleger Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges zum Konsens, den "RTL-Orchester" dem Etablissement public Fondatioun Henri-Pensis z'iwwerginn, ënner staarker Bedeelegung vum Lëtzebuerger Staat. Den Orchester gouf op Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL) ëmgedeeft an zanter 2005 ass den OPL an der Philharmonie ënnerbruecht.
Op Initiativ vun der Kulturministesch Octavie Modert gouf am Joer 2010 d'Fusioun vum OPL mat der Philharmonie an d'Weeër geleet. Nodeem sech am Juni 2011 op en neie Kollektivvertrag gëeenegt gouf, ass den 1. Januar 2012 dat neit Gesetz a Kraaft getrueden, mat deem d'Philharmonie an d'Fondatioun Henri Pensis reorganiséiert goufen; zanterhier gehéiert den Orchester integral zu Philharmonie[4].
Finanzement
[änneren | Quelltext änneren]D'Lëtzebuerger Philharmoniker gi vum Kulturministère subventionéiert a finanziell och vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt. Sponsore sinn do dernieft d'Banque de Luxembourg, d'BGL BNP Paribas a Mercedes-Benz.[2]
Dirigenten
[änneren | Quelltext änneren]![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/26/Orquesta_Luxemburgo_12_%2836820827075%29.jpg/220px-Orquesta_Luxemburgo_12_%2836820827075%29.jpg)
- 1932-1939: Henri Pensis
- 1946-1958: Henri Pensis
- 1958-1958: Carl Melles
- 1958-1980: Louis de Froment
- 1980-1996: Leopold Hager
- 1997-2000: David Shallon
- 2002-2006: Bramwell Tovey
- 2006-2015: Emmanuel Krivine
- 2015-2024[2]: Gustavo Gimeno
- vu September 2025 un[2]: Martin Rajna
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lëtzebuerger Philharmoniker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Internetsitt vum Orchestre philharmonique du Luxembourg
- Den OPL um Sitt vun der Philharmonie Lëtzebuerg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ L'Orchestre Philharmonique du Luxembourg devient le Lëtzebuerger Philharmoniker. Crescendo Magazine (26.04.2023). Gekuckt de(n) 09.01.2025.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Orchestre Philharmonique du Luxembourg. www.philharmonie.lu (17.01.2025). Gekuckt de(n) 09.01.2025. Zitéierfeeler: Net valabelen Tag
<ref>
. Den Numm ":0" gouf e puermol mat verschiddenem Inhalt definéiert - ↑ Déi meescht Informatiounen aus dësem Kapitel stamen aus Weber 2001 an der Literatur.
- ↑ (fr)Loi du 16 décembre 2011 portant réorganisation de l'établissement public nommé «Salle de concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte» et de la Fondation Henri Pensis. data.legilux.public.lu (16.12.2011). Gekuckt de(n) 09.01.2025.