Fondation Pescatore

Vu Wikipedia
Fondation Pescatore
Land Lëtzebuerg

D'Fondation Jean-Pierre Pescatore ass eng Stëftung, déi d'Altersheem mam selwechten Numm geréiert.

Se gouf 1853 vum Jean-Pierre Pescatore gestëft, deen der Stad Lëtzebuerg eng hallef Millioun Frang vermaach hat, fir domat en Altersheem ze bauen.

D'Gebai gouf op der Plaz vun der fréier Redoute Marie vun der Festung Lëtzebuerg, um Bord vum nei ugeluechte Stater Park gebaut. Den Architekt war den Tony Dutreux (e Groussneveu vum Pescatore). D'Bauaarbechte goufen tëscht 1886 an 1892 vum Pierre Kemp a Pierre Funck ausgeféiert. Et war dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg bei deem arméierte Bëtong gebraucht gouf. Et gouf 1892 ageweit.

Zanterhier goufen e puermol Fligele bäigebaut, an d'Gebai gouf periodesch moderniséiert.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Et besteet en Zougang (dee gespaart ass) zu de Kasematte vun der Redoute Marie. Am Zweete Weltkrich goufen déi als Luftschutzbunker benotzt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fondation Pescatore – Biller, Videoen oder Audiodateien