Tony Dutreux

Vu Wikipedia
Tony Dutreux
Gebuer 3. Mee 1838
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Juli 1933
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Bauingenieur
Famill
Papp Auguste Dutreux
Kanner Auguste Dutreux Jr.

Den Antoine Auguste Jean-Pierre, genannt Tony Dutreux, gebuer den 3. Mee 1838[1] an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen de 27. Juli 1933, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Nom Secondaire am Stater Kolléisch huet hien 1859 seng Ingenieursausbildung op der École centrale des arts et manufactures zu Paräis ofgeschloss[2].

Den Tony Dutreux war Deputéierten an der Chamber vun 1881 bis 1886 a Member vum Stater Gemengerot vun 1881 bis 1887.

Vun him stamen d'Pläng vun der Fondation Pescatore (hie war e Grouss-Neveu vum Jean-Pierre Pescatore), fir där hire Bau fir d'éischt zu Lëtzebuerg Eisebëtong gebraucht gouf. Hien huet och d'Pläng fir d'Schlass Kockelscheier entworf, a war Conseiller bei der Konstruktioun vum Cercle op der Plëss d'Arem.

Hien huet un der Elektrifizéierung vun der Stad matgeschafft.

Hie war Generalkommissär fir d'Paräiser Weltausstellunge vun 1867, 1878, 1884 an 1900, a Member vu verschiddene Verwaltungsréit. Ausserdeem huet e sech ëm d'Ariichte vum Musée J.P. Pescatore (d'Kollektioun koum méi spéit an d'Villa Vauban), an ëm d'Museksliewe verdéngt gemaach.

1907 huet hie vu senger Mamm, der Élisabeth Dutreux, d'Schlass vu La Celle Saint-Cloud geierft.

Gielercher an Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un den Tony Dutreux gouf eng Strooss zu Bouneweg d'rue Tony Dutreux no him benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 158
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 98
  • Mersch, J., 2015. Un Ancien hors norme – Tony Dutreux. Bulletin des Anciens de l'Athénée n°35 page 50-67

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tony Dutreux – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Numm an Datum vum Gebuertsschäin
  2. Quell: Joseph Mersch, Un Ancien hors normeTony Dutreux, an de Literatur
  3. (fr)Chronique locale - Distinctions. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (4. Mee 1928). Gekuckt de(n) 2023-10-17.
  4. (fr)Nouvelles officielles. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (6. November 1889). Gekuckt de(n) 2023-10-17.