Schlass Kockelscheier
Accès fir bei d'Schlass | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng |
Lëtzebuerg, Hesper |
Plaz | Kockelscheier |
Adress | 45, Route de Bettembourg |
Koordinaten |
49° 33’ 57.20’’ N 06° 06’ 55.60’’ O |
Datum vum Bau | 1864 |
Proprietär | François Tesch |
D'Schlass Kockelscheier a seng Dependancë leien am Kockelsbësch, nërdlech vun der Uertschaft Kockelscheier, um Gebitt vun de Gemenge Lëtzebuerg an Hesper.
Zum haitege Beréng vu ronn 130 ha gehéiere Bëscher, fënnef Weieren an dräi Gebaier[1].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Domän Kockelscheier dee schonn 1352 ernimmt gëtt, huet deels dem Théodore Ziewel, Här vu Beetebuerg, an deels dem Jean de Wiltheim, Greffier um Conseil Provincial zu Lëtzebuerg gehéiert[2]. En ass 1623 vun de Jesuitten aus dem Kolléisch kaaft ginn. Wéi den Uerden 1773 ofgeschaaft gouf, ass e 1781 duerch eng Stee an de Besëtz vun der Famill Boch komm. 1799 gouf hire Besëtz gedeelt, an de Jean Boch-Buschmann huet den Domän Kockelscheier kritt.
Op der Ferrariskaart vu 1778 ass um Domän schonn e gréissert Gebai mat Niewegebaier agezeechent.
1819 gouf den Domän nees versteet, en ass un de Bonaventure Dutreux-Boch, Schwoer vum Jean-François Boch, iwwergaangen. Duerch Ierfschaft ass 1858 säi Fils, de Joseph-Auguste Dutreux Proprietär ginn. Deen huet sech 1839 mat der Élisabeth Pescatore bestuet an 1839 gouf hire Fils, den Tony Dutreux gebuer. 1864, e puer Joer nom Ofschloss vu senger Ingenieursausbildung, huet den Tony ugefaangen dat haitegt Schlass Kockelscheier ze bauen[2].
Am Zweete Weltkrich hat den Nazi-Okkupant am Schlass eng „Führerschule“ installéiert an där Cheffe vun der SA ausgebilt goufen[3].
Wéi dem Tony säi Bouf, Auguste Dutreux Jr, 1954 gestuerwen ass, huet de Léon Laval d'Schlass geierft. Zanterhier liewen dem Laval seng Nokommen, d'Famill Laval an d'Famill Tesch-Laval um Domaine.
Nom Doud vum Auguste Dutreux Jr ass d'Proprietéit gedeelt ginn: den Deel westlech vum haitegen CR186 mam Kräizhaff (Schnappshaff), de Brakeweieren an deem Deel wou haut e Parking an d'Äispist sinn, ass un d'Gemeng Lëtzebuerg gaangen.
„Laang Mauer“
[änneren | Quelltext änneren]Den Tony Dutreux huet ëm 1880 den Optrag ginn, eng Mauer ronderëm en Deel vum Domän bauen ze loossen: deen Deel, deen ëstlech vun der Beetebuerger Strooss läit. D'Mauer gouf vun engem Mann eleng gebaut, engem gewëssene Welter vun Zéisseng.
D'Steng fir d'Mauer koumen aus dem Garer Quartier, wou ënner dem Gebai vu Mercier op 3 Stäck Kellergallerië gegruewe goufe fir de Schampes ze stockéieren. De Péiter Kremer, Verwalter vum Dutreux senge Lännereien, huet d'Steng mam Teimer vun der Gare op d'Kockelscheier transportéiert.
De Bau vun der Mauer huet um Eck vis-à-vis vum Kräizhaff ugefaangen an ass laanscht d'Haaptstrooss a Richtung Norde gezu ginn. De Welter huet – an onreegelméissegen Ofstänn – de Joergang op eenzele Steng agravéiert, sou datt et méiglech ass, d'Bauzäit zimmlech genee ze bestëmmen.
Vum Kräizhaff aus laanscht d'Haaptstrooss bis op d'Kopp, um Kéisbierg, fënnt een d'Joreszuele vun 1887 bis 1890. Um nërdlechen Deel am Flouer Seitert, laanscht déi fréier Strooss déi op den Houwald an op Gaasperech geféiert huet, ass iwwert d'Joren eng grouss Partie vun der Mauer an de Koup gefall a mat engem Zonk ersat ginn. Op deem Deel si keng Joresangaben ze fannen, et ass awer unzehuelen, datt en tëscht 1890 an 1892 gebaut gouf, well um südlechen Deel, laanscht d'Strooss vun der Kockelscheier a Richtung Hesper a Fenteng, d'Joreszuelen 1892, 1893 an 1894 agravéiert sinn. Anescht wéi d'Leit erzielt hunn, datt de Welter 35 Joer gebraucht hätt, huet de Bau vun der Mauer sech iwwer ongeféier 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – higezunn.
An der Mauer goufen ë. a. dës Paarten agebaut:
- d'Haaptpaart, ronn 300 m ënnerzeg vun der Kopp um Kéisbierg an dann – am Auerzäresënn –
- d'Kéisbiergspaart, bei der Kräizung vun der Beetebuerger Strooss an der fréierer Strooss a Richtung Houwald a Gaasperech;
- d'Hesper Paart, um südëstlechen Wupp vum Domän, um Eck mat der Strooss fir op Fenteng ;
- d'Béiwenger Paart, um ëstleche Wupp beim Géierwee fir op Fenteng an
- d'Bongertspaart op der Haaptstrooss, vis-à-vis vum haitege Park-and-Ride.
-
Haaptpaart.
-
Kéisbiergspaart.
-
Hesper Paart.
-
Béiwenger Paart.
-
Bongertspaart.
-
Bau vun enger neier Paart am Flouer Seitert.
Do dernieft gëtt et an der Mauer nach e puer Ëffnungen mat Gittere virdrun an zwou Dieren.
D'Mauer ass am Ganze ronn 3,5 bis 4 km laang an tëscht 35 a 75 cm déck. D'Héicht variéiert vun 2,25 bis op 2,60 m. Als Schutz virum Wieder louchen op der ganzer Längt rout Zillen drop, déi am Laf vun der Zäit plazeweis mat Bëtongsplacken ersat goufen.
Am August 2020 huet d'Stad Lëtzebuerg eng Baugeneemegung ausgestallt fir eng Mauer laanscht d'ëstlech Limitt vun de Lännereien (nei) ze bauen.
-
Eng…
-
…an eng zweet Fënster op der Haaptstrooss.
-
Dier op der Béiwenger Säit.
-
Déi original rout Zillen op der Mauer
-
…an den Ersatz aus Bëtong.
-
D'Mauer gëtt renovéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schlass Kockelscheier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 45 a 47 route de Bettembourg an der Gemeng Lëtzebuerg a 45A route de Bettembourg an der Gemeng Hesper, gekuckt op geoportail.lu den 12.10.2021
- ↑ 2,0 2,1 Quell: Joseph Mersch, Un Ancien hors norme – Tony Dutreux, Bulletin des Anciens de l'Athénée n°35 page 50-67
- ↑ (de)Luxemburger Wort, 1944. Jg., nº 207, S. 3., Der Geist der Wehrbereitschaft (25.07.1944). Gekuckt de(n) 14.10.2021.