Bonaventure Dutreux-Boch
Ausgesinn
Bonaventure Dutreux-Boch | |
---|---|
Gebuer |
14. Juni 1775 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 11. Januar 1829 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Industriellen |
Famill | |
Bestuet mat | Marie-Françoise-Ferdinande Boch |
Kanner | Auguste Dutreux, Eugénie Dutreux-Pescatore |
De Jean-Pierre Bonaventure Dutreux(-Boch), gebuer de 14. Juli 1775 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 11. Januar 1829, war e lëtzebuergeschen Duchfabrikant.
Hie war Receveur général an Administrateur du Trésor vum Département des Forêts, an duerno vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Vun 1814 bis 1816 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Den 13. Mee 1807 huet hie sech zu Eech mat der Marie-Françoise-Ferdinande Boch aus der Parzeläins-Manufaktur-Famill bestuet. Si hate 4 Kanner, dorënner d'Eugénie Dutreux-Pescatore an den Auguste Dutreux.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vun der Légion d'honneur (Promotioun 1814)[1]
Virgänger: Charles Auguste de Tornaco |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1814 - 1816 |
Nofollger: François Roeser |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Recherche - Base de données Léonore. www.leonore.archives-nationales.culture.gouv.fr. Gekuckt de(n) 22.06.2023.