Charles Auguste de Tornaco
Charles Auguste de Tornaco | |
---|---|
Gebuer |
12. Dezember 1763 Vervoz |
Gestuerwen |
10. Dezember 1837 Vervoz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Industriellen |
Famill | |
Kanner | Victor de Tornaco, Camille de Tornaco |
De Baron Charles Auguste de Tornaco de Vervoz, gebuer[1] den 12. Dezember 1763 um Schlass vu Vervoz, bei Clavier, an och do gestuerwen den 10. Dezember 1837, war e lëtzebuergeschen Industriellen, a Politiker.
Hie war Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg vum 5. Abrëll 1811 bis de am Juni 1814.
Vun 1818 bis 1827 war hie Buergermeeschter zu Suessem wou d'Famill de Tornaco déizäit d'Hären um Schlass waren.
De Charles Auguste hat sech den 11. November 1800 zu Berloz mat der Elisabeth de Berlo-Suys (1775-1856) bestuet. D'Koppel hat dräi Kanner:
- Sidonie de Tornaco (1804-1876).
- Victor de Tornaco, lëtzebuergesche Staatsminister.
- Mathilde de Tornaco (1813-1885), bestuet den 21. Mee 1840 mam Florent de Berlaymont.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Charles de Tornaco z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 10. Februar 1969 decidéiert, eng Strooss um Zens no him ze nennen: d'Rue Charles de Tornaco geet als Sakgaass vum Boulevard Charles Simonis a Richtung Süde fort[2].
Och zu Suessem ass eng Strooss no him genannt: d'Rue Baron de Tornaco.
Virgänger: Jean-Baptiste Servais |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1811 - 1814 |
Nofollger: Bonaventure Dutreux-Boch |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift, N° 35 vum 27. August 1939, S. 5 BNL
- ↑ Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 15.10.2024.