Schlass Suessem

Vu Wikipedia
Schlass Suessem
D'Suessemer Schlass.
Typ Buerg,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Plaz Suessem
Adress 32 rue du Château
Koordinaten 49° 32’ 36.28’’ N
      05° 55’ 33.38’’ O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Statut Klasséiert Monument
D'Schlass vum Bannenhaff aus gesinn
Déi bemierkenswäert Trauerbuch virum Schlass
Weekapell beim Suessemer Schlass

D'Suessemer Schlass ass e Schlass an der rue du Château, am Süde vu Suessem. Virum Schlass erstreckt sech de Park vum Suessemer Schlass mat senge bemierkenswäerten ale Beem, eng Lann, eng Trauerbuch, eng Eech, eng Buch an eng Esch bis un d'Escher Strooss, den CR110.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat haitegt Schlass geet op eng Waasserbuerg aus dem Mëttelalter zeréck. Dat kann een haut nach un der quadratescher Form vum ganze Schlassgebai an och um Gruef ronderëm d'Schlass erkennen. D'Waasserbuerg gouf ëm 1270 gebaut. D'Bridder Wilhelm a Johann gëllen als déi éischt Bauhären déi op dëser Plaz eng Buerg gebaut hunn. Virdru war et nëmmen e befestegte Bauerenhaff. De véiereckegen Tuerm, deen 12,5 × 12,5 Meter moosst, hu se awer iwwerholl. D'Buerg ass eréischt no an no ronderëm entstanen.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf si e puermol zerstéiert, erëm op- an ëmgebaut. Vun der ursprénglecher Buerg ass warscheinlech näischt méi erhale bliwwen[1].

Dat haitegt Schlass, mat Ausnam vun de Niewegebaier, geet op d'Joren ëm 1700 zeréck. Am 18. Joerhonnert ass och de Schlasspark a senger haiteger Form ugeluecht ginn[2].

1753 hunn déi direkt Nokomme vun de Buerghären aus dem Mëttelalter d'Schlass dem Barong Arnold François de Tornaco fir 62.000 Gulde verkaaft, an deem senger Famill hirem Besëtz et du ronn 200 Joer bliwwen ass. Aus der Famill de Tornaco ass de Victor de Tornaco ervirgaangen, dee vun 1860-1867 Staatsminister vu Lëtzebuerg war.

1950 huet d'Famill de Tornaco d'Schlass fir 5 Millioune Frang un d'Gemeng Esch-Uelzecht verkaaft, déi duerno ronn 50 Joer laang am Schlass e Kannerheem ënner dem Numm Kannerschlass gefouert huet. 1965 gouf am Park nieft dem Schlass e Pavillon gebaut, an deem ë. a. d'Wunneng vum Direkter vum Kannerschlass war.

Zesumme mam Park an der Weekapell gouf d'Schlass 1971 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Monument national klasséiert[3],[4].

1985 huet de Lëtzebuerger Staat déi ganz Proprietéit opkaaft.

Dee leschte Service vun der Fondatioun Kannerschlass ass 1999 erausgeplënnert. Enn der 1990er Jore gouf d'Schlass renovéiert, awer net dat hënnescht Gebai.

Zanter Enn der 1990er Jore wunnen am Pavillon am Park nieft dem Schlass Leit, déi Asyl zu Lëtzebuerg ufroen. 1999 hat de Schäfferot vu Suessem Pläng fir de Pavillon als Heem fir d'Guiden a Scouten an d'Rei ze setzen. Doraus ass awer näischt ginn, well de Staat en als Wunnraum fir d'Demandeurs d'asile behale wollt[5].

Tëscht 2002 and 2016 hat de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe (CVCE) säi Sëtz am Suessemer Schlass[6]. Zanterhier steet et eidel. Am Juli 2019 housch et, d'Suessemer Gemeng géif mam Kulturministère zesummen no enger Léisung sichen, wien oder wat een am Gebai ënnerbrénge kéint. Restauratiounsaarbechten am zweestellege Milliouneberäich wieren och néideg[7].

Am September 2021 gouf du bekannt, datt eng Annex vun der Hotelschoul am Schlass opgoe géif[8][9].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Koltz, J.-P.J., 1875. Dendrologie luxembourgeoise. Dréckerei V. Buck, Lëtzebuerg.
  • Koltz, J.P., 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. Imprimerie St-Paul, Lëtzebuerg.
  • Lafontaine, P., 1983. Das Sassenheimer Schloss. Festbroschür "10 ans club des jeunes Sanem", S. 52-58.
  • Eng Gemeng an hir Geschicht. Bieles-Éilereng-Suessem-Zolwer. Band 1 (1993), 311 S. Band 2 (2007), 320 S. Béid Bänn erausgi vun der Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn. Dréckerei Heintz, Péiteng.
  • Klein, René, 1993. Die Herrschaft Sassenheim und ihre ehrgeizigen Herren. In: Eng Gemeng an hir Geschicht, Band 1: 145-162.
  • Geschicht vun der Fondatioun Kannerschlass

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptagank vum Schlass. Riets vun der Entrée de Logo vum Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe
Den hënneschten Deel vum Schlass.
D'Schlass an de Pavillon am Park.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Klein 1993
  2. Koltz 1875
  3. Arrêté ministériel vum 8. Mäerz 1971
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  5. Home Luss Collini - Vun der Garage zum Chalet
  6. paperjam.lu: L'adieu au château de Sanem (22. Juli 2016)
  7. "Schloss Sassenheim vor dem Verfall bewahren." wort.lu, 18-07-2019.
  8. Hotelschule zieht in Suessemer Schlass ein. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-09-10). Gekuckt de(n) 2021-09-13.
  9. Commune de Sanem, Nouvelle affectation du Château de Sanem. www.suessem.lu (2021-09-10). Gekuckt de(n) 2021-09-13.