Trauerbuch zu Suessem

Vu Wikipedia
D'Trauerbuch beim Suessemer Schlass.
D'Trauerbuch am Wanter.

D'Trauerbuch am Park zu Suessem steet lénks vun der Entrée vum Schlass, nieft der Mauer iwwer dem Waassergruef. Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Den Usaz tëscht der Ënnerlag an der Kroun ass op enger Héicht vun 1,60 m z'erkennen. Well dëst och bei der bemierkenswäerter Trauerbuch am Park zu Bouferdeng de Fall ass, kann dëst drop hiweisen, datt béid Beem aus der selwechter Bamschoul koumen (Modert 1962). An deem Fall si béid Beem ronn 150 Joer al (de Park zu Bouferdeng gouf em d'Mëtt vum 19. Joerhonnert ugeluecht).

De Stamm vum Suessemer Bam huet iwwer dem Praffschnëtt en décke Bourrelet ausgebilt, wat drop zeréckzeféieren ass, datt d'Kroun méi séier gewuess ass wéi d'Ënnerlag. D'Äscht vun de Trauerbuchen am Allgemenge wuesse queesch a verdréit a verschidde Richtungen, wat och bei dësem Exemplar de Fall ass.

D'Bamkroun gouf sou zougeschnidden, datt hir Äscht, bis op een, entweeder parallel zur Gruefmauer oder awer a Richtung Park gewues sinn. Och goufen d'Haaptäscht an de leschte Joerzéngten e puermol staark zeréckgeschnidden.

2008 huet de Bam dräi Haaptäscht, wouvun ee mat enger kuerzer Stäip op der Mauer geséchert ass. Ee vun de Säitenäscht reecht déif an de Gruef erof, riicht sech dann no uewen, fir sech op d'Mauer opzeleen, vu wou aus e weider a Richtung Park gewuess ass. Een Niewenaascht ass an de Buedem era gewuess, fir sech duerno erëm no uewen ze riichten; hie bilt sou eng natierlech Stäip fir de Bam.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1958: 2,32 m;
  • 1980: 2,70 m, bei enger Gréisst vu 16 m;
  • ëm 2000: 2,92 m, bei enger Gréisst vun 11 m.

D'Ofhuele vun der Bamgréisst ass duerch d'Zeréckschneide vun den Haaptäscht z'erklären.

Geographesch Koordinaten: 49° 32’ 35.11’’ N 05° 55’ 34.49’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 76-77, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 64-65, Foto an Text).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 31, Bild 21).

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Trauerbuch virum Schlass.
D'Trauerbuch nieft der Mauer iwwer dem Waassergruef.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Aner bemierkenswäert Beem beim Schlass zu Suessem
Lann nieft dem Schlassgruef
dräi al Beem am Park: eng Eech, eng Buch an eng Esch.