Lann zu Suessem

Vu Wikipedia
D'Lann beim Suessemer Schlass. D'Schlass am Hannergrond. Lénks de Wee an de Park a bei d'Entrée vum Schlass.
D'Lann am Wanter. Riets d'Weekapell vu 1731.

D'Lann zu Suessem steet nieft der Mauer vum Suessemer Schlass, an der Verlängerung vun der Strooss déi vu Suessem bei d'Schlass féiert.

Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Wanter- oder Summerlann ass. Den Alter vum Bam gëtt op ronn 500 Joer geschat.

Den Ëmfang vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • kuerz virun 1920: 5,30 m;
  • 1980: 5,82 m;
  • ëm 2000: 5,87 m, bei enger Gréisst vu 25 m.
  • den 8. Abrëll 2008: 6,08 m.

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

  • Schonn an engem Dokument vu 1630, am Zesummenhank mat der Belagerung vum Schlass, gëtt dëse Bam als „déi grouss Lann“ ernimmt.
  • D'Suessemer Lann ass no der Wëller Lann vu Kënzeg (vun där allerdéngs no engem Stuerm am Joer 2006 nëmme méi de Stamm iwwereg bliwwen ass) an der bemierkenswäerter Lann zu Pëtschent, déi drëttdéckste Lann zu Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Den 3.déckste Bam zu Lëtzebuerg. D'Schlass am Hannergrond.
D'Lann iwwer dem Schlassgruef.
.
De ganze Bam.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 76-77, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 101 a S. 161, keen Text a keng Foto).
  • Faber, E., 1918. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Dréckerei François Faber, Miersch.