Villa Grueweléck

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Grondrëss vun der Villa

D'Villa Grueweléck ass e réimescht Gebai an der Gemeng Suessem dat bis an d'4. Joerhonnert bewunnt war. [1]

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Et ass bis haut net vill iwwer dës Villa gewosst. Et handelt sech ëm e gréisseren Haff, aus der galloréimescher Zäit, deen tëscht Suessem a Lampech läit. Et gëtt ugeholl, datt dës Plaz als Bauplaz gewielt gouf, well an der direkter Géigend d'Réimerstrooss vum Tëtelbierg laanscht den Zolwerknapp (op deem e Réimerkastell stoung, änlech wéi deen um Bockfiels), op Duelem verlaf ass.

D'Iwwerreschter vun der Villa goufen am Joer 1969 fonnt, an no der Géigend benannt, wou se mol stoung: Grueweléck. D'Gesamtlängt vum Gebai ass 60 Meter. Se léisst sech als Portikusvilla aklasséieren a setzt sech aus klengere Gebaielementer zesummen, déi mat engem Sailegank (Portikus) U-fërmeg verbonne war. Op de Loftopnamen kann een erkennen, datt d'Gebai op d'mannst ee Keller souwéi e puer Waarmloftheizungen (Hypokausten) hat. Wann een den Alter vu Fondstécker (wéi zum Beispill Keramik a Mënzen) kuckt, léisst sech den Alter vun der Villa op dat 1. Joerhonnert zeréckdatéieren.

Am 19. Joerhonnert huet een a Suessem réimesch Gruewsteng a Zille fonnt, soudatt een dovun ausgoe kann, datt den Haff nach méi grouss war, wéi ugeholl.

Iwwer de Bauhär vun der Réimervilla ass och nach näischt gewosst. Dat eenzecht wat Opschloss op seng Bewunner ka ginn, ass d'Fragment vun engem Steerelief, dat e Gesiicht weist. Méiglecherweis handelt et sech heibäi em e Grafdenkmal.

D'Villa haut[änneren | Quelltext änneren]

Un der Villa goufe bis haut keng Ausgruewunge virgeholl. Haut fënnt een op dëser Plaz e Feld. De Grondrëss gouf vum Fliger aus fotograféiert: De Buedem iwwer de Mauerreschter ass manner fruchtbar wéi an der Emgéigend. Sou verdréchent d'Gras am Summer op deene Plaze méi séier wéi op aneren. Vun Uewe gesinn, ass de komplette Grondrëss z'erkennen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Gemeng an hir Geschicht, Auteuren: Carlo Bauer, Elvire Bauer-Wilhelmus, Mathias Greisch, John Irrthum, René Klein, Jean Krier, Paul Lafontaine, Jean Malget, Georges Muller, Etienne Streitz, Jean-Claude Streitz, Norbert Theis. Sanem: Gemeindeverwaltung, 1993, Petingen, Heintz, 311 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. proarchaeologia: Sanem Grueweleck, villa occupée dans la première moitié du IVe s. Carte arch. 25, A-164; FMRL I 306; FMRL II 183; FMRL III 187; FMRL IV 211; PSH 102, 1986, 160, 169 et 176.