Lëtzebuerger Frang

Vu Wikipedia
al 1-Frang-Mënz (recto)
1-Frang-Mënz Feierstëppler (1952, verso)

De Lëtzebuerger Frang (ofgekierzt: LUF) war tëscht 1854 an 1999 (ausser tëscht 1941 an 1944) déi offiziell Wärung zu Lëtzebuerg. En ass bis 2002 an Zirkulatioun bliwwen, éier en dunn duerch den Euro ersat gouf. An der Period vun 1999 bis 2002 war de Lëtzebuerg Frang eng Subdivisioun vum Euro (1 Euro = 40,3399 Frang), obwuel den Euro dunn nach net zirkuléiert ass.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer den Zäitpunkt vun der Schafung vum Lëtzebuerger Frang si sech d'Fachleit oneens. Vill vun hinne[Wien?] sinn der Meenung, datt den Urspronk vum Lëtzebuerger Frang op d'Joer 1842 zeréckgeet. Duerch een Arrêté vum 16. Mäerz 1842 gouf eng Relatioun fixéiert tëscht der Wärung an Zirkulatioun, dem Frang, an der däitscher Buchwärung, déi fir d'Ofrechnung vun den Douaneskäschte benotzt ginn ass. D'Paritéit: 1 Frang = 8 däitsch Silbergros ass du festgesat ginn. Déi Relatioun huet zwar haaptsächlech d'Operatioune mam däitschen Zoll betraff, mä et goufen och Wueren zu Lëtzebuerg mat der däitscher Reichsmark bezuelt. Ëmmerhi war et en éischten ëffentleche Versuch, eng Kloerstellung an der komplizéierter dualistescher Wärungssituatioun erbäizeféieren.

Op een zweete gesetzlechen Akt gëtt sech nach beruff, fir d'Bestoe vum Lëtzebuerger Frang z'erklären, an zwar op d'Gesetz vum 20. Dezember 1848, dat virgeschriwwen huet, déi administrativ Comptabilitéiten missten a Frange gefouert ginn.

De Lëtzebuerger Frang an der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun[änneren | Quelltext änneren]

10 Frangschäin 1924.

Ausgangspunkt[änneren | Quelltext änneren]

1918 ass den Zollveräin zu Enn gaangen. Well dunn nach keng Kloerheet iwwer déi zukünfteg Wärungssituatioun an den zukünftege Wirtschaftspartner bestanen huet, gouf eng Iwwergangsléisung fonnt. D'Regierung huet dunn, zousätzlech zu de schonn am Éischte Weltkrich geklappte Frangmënzen, Keesebongen a Frangen an Ëmlaf bruecht. Si sollten et erlaben, d'Mark aus dem Verkéier ze zéien. Et war déi zweet Manifestatioun um Wee vun der Kreatioun vun engem Lëtzebuerger Frang.

Zu enger eenegermoosse gereegelter Situatioun koum et eréischt, wéi 1922 d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, verbonne mat enger Wärungsassociatioun, ugefaangen huet. Och wa si keng Ausso iwwer d'Prinzipie vum Lëtzebuerger Wärungssystem enthalen huet, da gouf ëmmerhin de Wärungsëmlaf zu Lëtzebuerg bestëmmt. Hie sollt bestoen aus:

  • Belsche Frangen (Billjeeën a Mënzen)
  • Lëtzebuerger Frangen (Billjeeën a Mënzen); Den Emissiounsvolume vu Lëtzebuerger Schäiner war deemools nach op 25 Millioune Frang begrenzt. Dem Lëtzebuerger Frang war domat d'Roll vun engem sougenannten Zousazgeld oder Monnaie d'appoint zougeduecht.

Fir de Lëtzebuerger Frang ass 1929 den Ufank vun enger neier Etapp. Duerch dat sougenannt Stabilisatiounsgesetz vum 19. Dezember 1929 gouf de Wäert vum Lëtzebuerger Frang offiziell op 0,0418422 Gramm Gold festgeluecht. Et war zwar déi selwecht Definitioun wéi déi vum Belsche Frang, mä d'Existenz vun engem eegene Lëtzebuerger Frang war domat virleefeg bestätegt.

D'Situatioun no 1935[änneren | Quelltext änneren]

Eng besonnesch Situatioun an de Belsch-Lëtzebuerger Wärungsrelatiounen ass 1935 agetratt. D'Belsch war deemools duerch d'Ëmstänn gezwongen, de Belsche Frang ofzewerten (op Franséisch: ze dévaluéieren). Eng Ofwäertung vum Frang war awer zu Lëtzebuerg net erwënscht. Fir awer e praktescht Ëmtauschverhältnis tëscht den zwou Wärungen z'erhalen, gouf e Mëttelwee fonnt:

  • D'Belsch huet ëm 28 % a
  • Lëtzebuerg huet ëm 10 % ofgewäert. Eng separat Ofwäertungsoperatioun war duerch d'Gesetz vun 1929 méiglech ginn.

No der Paritéit 1 zu 1, koum et dunn zu engem neien Ëmtauschverhältnis tëscht deenen zwou Wärungen, an zwar:

  • 1 Lëtzebuerger Frang = 1,25 Belsche Frang an
  • 1 Belsche Frang = 0,80 Lëtzebuerger Frang.

Dat huet d'Liewen zu Lëtzebuerg staark komplizéiert. Nom Zweete Weltkrich, ass dunn déi al Paritéit (1 zu 1) erëm hiergestallt ginn. Eng däreg Fro huet sech och fir d'Avoiren an d'Engagementer a Frangen, wa keng spezifesch Wärung preziséiert war, gestallt. Dat war deemools meeschtens de Fall. Eng Léisung gouf fonnt. Si huet dora bestanen, datt et sech zu Lëtzebuerg ëm Lëtzebuerger Frangen handele géif, wann net anescht preziséiert. Vill Lëtzebuerger Banken, déi de Géigewäert vun hiren Depoten zu Bréissel placéiert haten, koumen doduerch an eng schwiereg Situatioun.

1945: Zeréck zur Normalitéit[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich huet d'Wärung aus der Reichsmark bestanen. D'Frange ware vum däitschen Okkupant aus dem Verkéier gezu ginn, an d'Lëtzebuerger Billjeeë sinn dunn an engem Héichuewe verbrannt ginn. Dës Situatioun gouf no der Liberatioun réckgängeg gemaach, d'Wirtschaftsunioun mat der Belsch erëm hiergestallt an d'Paritéit 1 zu 1 tëscht den zwou Wärungen nei agefouert an d'Belsch a Lëtzebuerger Billjeeën a Mënzen erëm an de Verkéier bruecht. Well et eng gewëssen Onzefriddenheet iwwer déi staark Begrenzung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht gouf, koum et a successive Schrëtt zu enger Opwäertung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht.

Vum Frang zum Euro[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1999 gouf de Wiesselcours 1 Euro = 40,3399 LUF festgeluecht, an den Euro gouf als Buchwärung agefouert. Den 1. Januar 2002 hunn d'Billjeeën a Mënzen an Euro Cours légal kritt; an den 28. Februar 2002 war dee leschten Dag, wou een nach mat Schäiner a Mënzen a Frang bezuele konnt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Euro an am Artikel Europäesch Zentralbank

Enn 2018 huet d'Lëtzebuerger Zentralbank matgedeelt, datt nach eng 868.000 Lëtzebuerger-Frang-Schäiner am Wäert vu ronn 5 Milliounen Euro an Zirkulatioun wieren. Déi meescht dervun, eng 780.000 100-Frang-Biljeeën, géifen als Souvenir versuergt ginn.[1] Enn 2022 war déi Zuel op 864.000 Schäiner liicht erofgaangen. Et sinn nach ëmmer eppes méi wéi 10.000 5.000-Frang-Schäiner am Wäert vun 1,3 Milliounen Euro am Ëmlaf. Déi kënne bis op Weideres nach ëmmer an der Lëtzebuerger Zentralbank an Euro ëmgetosch ginn. D'Mënzen a Frange kënnen allerdéngs zanter dem 31. Dezember 2004 net méi gewiesselt ginn.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges de Leener: Le franc luxembourgeois, Bulletin de la Banque Nationale de Belgique du 25 avril 1937
  • Albert Calmes: Aperçu de l'histoire économique 1839-1939, Le Luxembourg, Livre du Centenaire, Luxembourg, 1939
  • Luc Hommel: Une expérience d'union économque, Louvain,1933
  • Daniel Rousseau: L'unité monétaire luxembourgeoise, Luxembourg, 1928
  • Jean Masclet: Contribution à l'étude du franc luxembourgeois - Stabilisation d'une monnaie à circulation restreinte, Luxembourg, 1937
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Jutta Jaans-Hoche: Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  • Christian Calmes: Au Fil de l'Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Véronique Lecomte-Collin et Bruno Collin: Histoire de la monnaie, Éditions Trésor du Patrimoine, 2004
  • Roger Croisé, René Link: La législation monétaire au Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours,Edition: Lux-Numis, Luxembourg,1988,639 p.
  • Paul Margue, Marie-Paule Jungblut: Le Luxembourg et sa monnaie, Publié sous l'égide de l'Institut Monétaire luxembourgeois, Esch/Alzette, 1990, 192 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coins of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Lëtzebuerger Schäiner am Wäert vu 5 Milliounen Euro am Ëmlaf." rtl.lu, 31.12.2018.
  2. "Et zirkuléieren ëmmer nach Honnertdausende Lëtzebuerger-Frang-Schäiner." rtl.lu, 28.02.2023.