Op den Inhalt sprangen

Ofwäertung

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Ofwäertung ass eng bewosst a gewollt Operatioun, déi dora besteet, de Wäert vun enger Wärung nei festzeleeën an no ënnen erofzesetzen, sief a Bezuch op d'Gold, sief et am Verglach zu anere Wärungen. Wann ofgewäert ginn ass, dann ass dat mat verschidden Absichte geschitt:

  • fir d'Inflatioun ze bremsen,
  • fir der Kapitalflucht e Reedel zouzemaachen,
  • fir d'Konkurenzsituatioun vun enger Wirtschaft ze verbesseren,
  • kuerz fir d'Vertrauen an eng Wärung erëm hierzestellen.

Fréier, wéi de Goldstandard nach bestoung, huet eng Ofwäertung dora bestanen, de Géigewäert a Gold erofzesetzen. No 1974 ass aus enger Ofwäertung eng komplex multilateral Operatioun ginn, un där méi wéi ee Land bedeelegt ass. Et geet haut dofir och net méi vun enger Ofwäertung rieds, awer vun enger Ännerung oder engem Ajustement vun de Wärungsparitéiten. No 1974 sinn dës Ännerunge an der Europäescher Unioun kollektiv gemaach ginn a se hate munnechmol als Resultat, datt e Land géigeniwer vun engem Land seng Wärung opgewäert a géintiwwer vun engem anere Land se ofgewäert huet.