Inflatioun

Vu Wikipedia
Inflatioun 2019

D'Wuert Inflatioun, am Lëtzebuergeschen och Präisdeierecht genannt, kënnt hier vun opblosen (Engl.: inflate).

D'Inflatioun zeechent sech duerch eng allgemeng Hausse vun de Präisser, wärend enger gewësser Period, aus. Den Index vun de Konsumpräisser erlaabt et, d'Präisevolutioun vun engem Wueren- an Déngschtleeschtungskuerf ze moossen. Seng Zesummestellung soll representativ si fir d'Ausgabe vun engem duerchschnëttleche Stot. Jee nodeem wéi d'Konsumgewunnechten am Laf vun der Zäit änneren, gëtt d'Kompositioun ugepasst.

Auswierkungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Inflatioun bedeit e Verloscht vun der Kafkraaft. De Verbraucher kann net méi déi selwecht Quantitéit vu Wueren an Déngschtleeschtunge mat der selwechter Pai wéi virdrun, kafen. Logescherweis gëtt da manner konsuméiert oder deen Eenzele spuert manner.

D'Belsch a Lëtzebuerg sinn déi zwee eenzeg Länner op der Welt, déi an dësem Fall eng automatesch Upassung vum Aarbechtsloun hunn. Allerdéngs geschitt dat mat enger gewëssener Verspéidung.

Wann d'Inflatioun ze vill klëmmt, erhéijen d'Zentralbanke gär d'Leetzënsen. Doduerch hëlt d'Geld erëm u Wäert zou, well d'Placementer méi remuneréiert ginn. D'Haaptzil vun der Europäescher Zentralbank ass d'Stabilitéit vun de Präisser. Fir dat ze realiséiere muss si ganz genee d'Evolutioun vun der Inflatioun am A behalen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]