Deflatioun

Vu Wikipedia

D'Deflatioun zeechent sech duerch eng allgemeng an dauerhaft Baisse vun de Präisser aus. Et ass eng negativ Inflatioun an eng Hausse vun der Kafkraaft, mä trotzdeem ass et en extreem geféierleche Phenomeen, dee riskéiert sech selwer um Liewen ze halen. Tatsächlech gesinn d'Produzenten an d'Verkeefer vu Gidder eng Baisse vun de Präisser viraus. De Verbraucher sengersäits, den och unhëlt, datt d'Präisser nach weider falen, riskéiert ze waarde bis hien eppes gréisseres uschaaft. Sou gëtt d'Offer vun de Wueren a Servicer ëmmer méi grouss géintiwwer der Nofro. D'Präisser fale weider.

D'Produzenten an d'Händler passe sech der Lag un a reduzéieren hir Produktioun an och d'Personal.

Auswierkungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechtslosegkeet geet erop an d'Paie ginn erof, wat nees en Drock op d'Nofro huet. E richtegen Däiwelskrees entsteet. D'Wirtschaft ass am Fall vun enger Rezessioun.

Den eenzelen de sech eppes duerch e Kredit zougeluecht huet, wéi beispillsweis en Haus, ass benodelegt. Säin Haus ass manner wäert ginn, hie muss awer nach ëmmer d'Schold op dee Präis bezuelen, deen zur Zäit wéi hien de Prêt opgeholl huet, méi héich war.

Dofir ass der Zentralbank hiert Zil net d'Inflatioun op null ze bréngen. D'Zil vun der EZB ass éischter, si mëttelfristeg op en Niveau vun eppes ënner 2 % ze halen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]