Bësch zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 91.400 Hektar, dat si 35,5 % vun der Fläch vum Land. 41,8 % vun de Bëscher leien am Éislek, 11,5 % op der Musel, 36 % am Minett an 32 % am Rescht vum Guttland. De Lëtzebuerger Bësch besteet zu 67,3 % aus Lafbeem, 31,7 % sinn Nolebeem. Déi dräi heefegst Bamaarte si Bichen (30,1 %), Eechenaarten (26,9 %) a Fiichten (21,2 %). Bal 48.400 Hektar Bësch, deemno knapps iwwer d'Hallschecht, leien an engem Natura 2000 Schutzgebitt; 6.100 an engem national geschützten Naturschutzgebitt.[1]

Dräi typesch Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

Jee no Géigend hunn d'Bëscher typesch Charakteristiken, an et kann ee se an dräi grouss Regiounen opdeelen:

Héich Ardenne mat Bichebëscher[änneren | Quelltext änneren]

Déi Géigend läit am Norde vum Land, op engem Plateau, dee relativ flaach ass, mat enger Héicht vu ronn 500 Meter. Den Ënnergrond ass aus dem ënneschten Devon a besteet aus Schifer a Quarzit, wat brong Biedem gëtt, déi net vill Kallek hunn. D'Biedem si relativ wéineg ausgewäsch well se zimmlech leemeg sinn, hunn awer Tendenz ze vergleyen. De Klima ass dee vun de mëttelste Bierglagen.

An där Géigend sinn d'Bichen, vermëscht mat wéineg Eechen, vun Natur aus ze fannen, de Biergahorn ass rar, an d'Hobich gëtt et praktesch guer net. E groussen Deel vun der Bëschfläch besteet aus Fiichten, déi kënschtlech abruecht goufen.

Niddreg Ardennen
Bësch an der Sandsteen-Fielslandschaft bei Iechternach.

Tëschenzon mat verschiddene Bëscher[änneren | Quelltext änneren]

Niddreg Ardenne mat gemëschte Bëscher[änneren | Quelltext änneren]

An deem Deel vum Éislek sinn d'Bëscher am geleefegste laanscht déi géi Häng vu Floss- a Baachdäller. Am natierleche Bësch sinn do d'Bichen ze fannen. D'Gierwereien am Éislek hunn et mat sech bruecht, datt grouss Fläche mat Louhecken ugeluecht goufen, a méi spéit hu Fiichten- an Dänneplantatiounen den natierleche Bësch verdréckt. 41,6 % vum Éislek si mat Bëscher bedeckt.

Mergelhiwwele mat Mëschbëscher[änneren | Quelltext änneren]

Déi Bëscher sti meeschtens op Formatiounen aus dem Äerdmëttelalter, et sinn dat haaptsächlech Trias- a Liasformatiounen. Et fënnt ee steif leemeg Biedem, a plazeweis Suebelbiedem oder och alt Kallekbiedem. Eng ronn 20 % vun der Fläch vun där Géigend si mat Bëscher bewuess. Ofhängeg vum Ënnergrond fënnt een op méi schwéiere Biedem Summereeche gemëscht mat Bichen an Hobichen, an op méi liichten, Biche gemëscht mat Wantereechen an Hobichen. Plazeweis fënnt een och Espen an Eschen. Am Ënnergehëlz fënnt een all Zorte vu Planze wéi se iwwerall an de Bëscher virkommen, derbäikommen nach e puer Planzenaarten aus de waarme Bëscher.

Plateau vum Sandsteen[änneren | Quelltext änneren]

Am Guttland, virun allem um Lëtzebuerger Sandsteen op Héichten tëscht 300 a 400 Meter, sinn d'Bichebëscher doheem. Et gëtt dovun do dräi Haaptzorten déi duerch den Ënnerwuess um Buedem bestëmmt ginn: de Meekräitchen-Bichebësch, den Huesebrout-Bichebësch an deen, op deem de Buedem mat Schwingel bewuess ass. An der Mëschung mat Eeche fënnt een an engem schwaache Prozentsaz d'Wantereech. Sporadesch fënnt een och de Biergahorn an a fiichte Grënn d'Esch. 31,2 % vun där Géigend si mat Bësch bewuess. Et fënnt een awer och kënschtlech Bestänn mat Wäisdännen, Douglasien a Fiichten.

Pionéierbeem am Minett

Bëscher an der Minettsgéigend[änneren | Quelltext änneren]

Am Minett op den Héichte vum Bajocien war d'Landschaft duerch den Ofbau vun der Minett am Tagebau bis an d'1980er Joren eran zum Deel béis op d'Kopp gehäit ginn. Zanterhier hëlt d'Natur sech déi Plazen erëm; eng Partie vun de Bëscher sinn deemno nach jonk, zum Deel am Pionéierzoustand, an hunn en héijen Aarteräichtum. De Bësch mécht haut 56 % vun der Fläch vum Minett aus. Als al Bestänn fënnt een op de Koppen de Kallekbichebësch an och emol Hobichebestänn mat Eechen.

Museldall a seng thermophil Bëscher[änneren | Quelltext änneren]

An der Muselgéigend, besonnesch am Hannerland vum Museldall an op de Plateaue ronderëm, déi haaptsächlech um Keuper an um Muschelkallek mat héije pH-Wäerter baséieren, fënnt een déi sougenannt thermophil Bëscher mat Eechen-Hobichebëscher, an deenen een d'Wanter- an d'Summereech fënnt. Plazeweis fënnt een och Bichebëscher, an als Mëschhëlzer gëtt et d'Elsbier an de Spierebam. Nëmmen 3,5 % vun dëser Géigend si Bëscher.

Bamaarten[änneren | Quelltext änneren]

67,3 % vun de Beem an de lëtzebuergesche Bëscher si Lafbeem, wourënner Bichen (30,1 %) an Eechen (26,9 %) déi geleefegst sinn. Vun den Nolebeem ass d'Fiicht mat 21,2 % déi heefegst Aart.[2] Nieft deenen dräi Aarte sinn eng grouss Zuel un anere Bamzorten an de lëtzebuergesche Bëscher ze fannen, notamment den Alenter, d'Hobich, d'Vullekiischt, d'Lann oder de Spierebam.

Geschicht an Entwécklung vum Bësch zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Mëttelser Steenzäit (4000 v. Chr.) hat de Mënsch praktesch keen Afloss op de Bësch. Eréischt an der Neisteenzäit gouf ugefaangen, op Plaze Bëscher ewechzehaen, fir déi ze besidelen. Dat huet an der Koffer-, Bronzen- an Eisenzäit no an no zougeholl. D'Holz gouf vun do un als Baumaterial an als Brennholz verschafft. D'Kelten hunn hir Befestegungen aus Bamstämm gebaut (wéi zu Rolleng oder um Tëtelbierg bei archeologeschen Ausgruewunge konnt nogewise ginn).

Am 1. Joerhonnert v. Chr. huet de Bësch vu Lëtzebuerg zu engem zusummenhängende grousse Massiv gehéiert, dat sech vu Reims bis op Köln gezunn huet. Eng ronn 150 Joer duerno ware scho grouss Deeler tëscht de Vogesen an den Ardennen net méi matenee verbonnen. D'Landwirtschaft, déi ëmmer méi Afloss krut, huet hir Flächen op d'Käschte vum Bësch vergréissert. Déi Zäit war et haaptsächlech en Héichbësch aus Eechen, Bichen, Bierken, Ulmen, Alenteren an Espen.

Vun der Vëlkerwanderung un a bis an d'17. Joerhonnert huet de Bësch och bei der Véizuucht eng wichteg Roll gespillt: Joerhonnertelaang goufen d'Schwäin vu Schwéngshierten an de Bësch gedriwwen, fir sech do mat Eechelen a Buchecker ze mäschten. Och Ranner hunn am Bësch, dee manner dicht bewuess war, a wou Gréngs um Buedem gewuess ass, Friesse fonnt. An där Period ass d'Fläch vu Bësch stänneg zeréckgaangen. Den niddregen Exploitatiounswäert, an nei Kulturen am Beräich vun der Landwirtschaft, sou wéi d'Eisenindustrie hu grouss Defrichementer mat sech bruecht. Duerch eng schlecht Reglementatioun, d'Netanhale vun de Bëschordonnanzen an e praktesch inexistenten Amenagement, war de Bësch zu Lëtzebuerg an e ganz schlechten Zoustand komm. Dat geet aus engem Rapport un d'Chambre des comptes vu 1740 ervir: "... il n'y a pas dans toute la forêt du Grunewald, un seul arbre de bâtiment, ce qui est bien triste et bien extraordinaire pour une forêt de cette grandeur, située aux portes de la ville."

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Fläch vum Bësch zu Lëtzebuerg mat 29 % vun der ganzer Fläch vum Land am klengsten. 1840 gouf d'Aministration des eaux et forêts gegrënnt (déi 2009 an "Administration de la nature et des forêts" ëmbenannt gouf), an där hir Aufgab et war, déi ëffentlech Bëscher ze verwalten an z'exploitéieren.

Trotz villen Neiuplanzungen an Opforstungen am Staatsbësch huet et bis 1865 gedauert, wéi de Kock d'Holzkuele lues a lues ersat huet, datt déi iwwerméisseg Exploitatioun vun de Bëscher opgehalen huet.

D'Industrialséierung huet awer och mat sech bruecht, datt Fiichteplantagen ugeluecht goufen, fir Dunnen an de Minièren ze hunn, a ganz Bëscher goufen ewechgerappt fir Schmelzen ze bauen (sou de Clair-Chênes-Bësch zu Esch-Uelzecht, deen der Adolf-Emil-Schmelz huet misse Plaz maachen) oder fir iwwer Dag Minett ofzebauen.

Zanter den 1990er Joren hunn nieft de wirtschaftlechen Aspekter (Holzgewënnung) nach aner Krittären u Wichtegkeet gewonnen, wéi dee vum Tourismus- an Erhuelungswäert vun de Bëscher, mä och d'Nohaltegkeet. D'Aufgab vun der Natur- a Bëscherverwaltung ass et dann och eng koherent Approche zu dësen zum Deel widderspréchlechen Uspréch un de Bësch z'assuréieren an duerchzesetzen.

Proprietären[änneren | Quelltext änneren]

54 % vun de Bëscher zu Lëtzebuerg, sinn a Privatbesëtz, dee sech op eng 13.800 Besëtzer verdeelt. Ronn 80 % dovu leien am Éislek, an et si meeschtens Parzelle vu manner wéi 2 Hektar.

Déi aner ronn 46 % am ëffentleche Besëtz ginn, als sougenannt forêts soumises, vun der Natur- a Bëschverwaltung verwalt. Am Total eng 40.000 ha déi dem Staat (10,7 %), de Gemengen (32,8 %), ëffentlechen Etablissementer (1,3 %) oder dem Kierchefong gehéieren[3],[4],[5].

De gréisste Staatsbësch ass de Gréngewald mat iwwer 1.200 ha[6], déi gréisst Gemengebëscher sinn déi vu Miersch mat ronn 1.150 ha, Lëtzebuerg mat 754 ha a Betzder mat 748 ha.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit vun de Franke war de Bësch entweeder e Privatdomaine, oder eng Kollektivproprietéit. E gouf net sou behandelt wéi d'Akerland, dat ënner der Kollektivitéit duerch Lous opgedeelt gouf. Vum 6. Joerhonnert u kruten d'Kierchen ëmmer méi Besëtz, dorënner och Bëscher, déi se entweeder selwer kaaft hunn, oder vun de Kinneken a Prënze geschenkt kruten. Mat de Fräibréiwer géint d'13. Joerhonnert ass eng nei Kategorie vu Besëtzer entstanen, d'Bierger. Well vill Adleger Sue gebraucht hunn, hu se hir Bëscher u räich fräi Bierger verkaaft.

Ënner der franséischer Revolutioun huet d'Kierch praktesch all hir Bëscher verluer, a se goufen e gemeinsaamt Gutt dat a Kantonnementer opgedeelt war. Doriwwer eraus kruten d'Leit déi en Notzrecht haten eng Partie vum Bësch als Privatbesëtz, a si hunn doduerch hiert Notzrecht op de gemeinsamen Deel verluer.

Ënner dem franséische Regime haten d'Staatsbëscher eng Fläch vun 9780 ha. Bis 1814 war déi Fläch op 5.245 ha zeréckgaangen. Ënner der Hollännescher Herrschaft gouf praktesch alles verkaaft wat engem Bam geglach huet, fir den Hollänner hir Krichsschold ze bezuelen. Um Enn vum 19. Joerhonnert hat Lëtzebuerg kee Meter Karree Staatsbësch méi.

1902 gouf ugefaangen erëm e Staatsbësch zesummenzestellen, an dat mam Kaf vu Paschenterbësch mat 63 ha. Ëm 1975 hat de Staatsbësch eng ronn 5.000 ha. Duerno koumen eng Partie Hektaren dobäi wéi d'Schmelze géint 1978 ugefaangen hunn hir verloosse Minièren, déi se iwwer Dag haten, un de Staat ofzestoussen. Do derbäi koumen awer och nach Bëscher déi an engem Héichbëschzoustand waren, well se iwwer den ënnerierdesche Konzessioune stoungen, wéi z. B. de Laangebierg, de Gaalgebierg an den Herenterbierg tëscht Diddeleng an Téiteng, déi op ee Siess den Domaine ëm méi wéi 300 ha vergréissert hunn. Eng aner Partie an der Walfer Géigend koum aus dem Besëtz vum Groussherzog, wéi do de Bau vun der Nordstrooss ugefaange gouf, an doduerch den Domaine vum Haff an där Géigend sou opgespléckt gouf, dat en net méi intressant fir den Haff war.

Ekologie an Naturschutz[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst hirer héijer Biodiversitéit spillen Naturbëscher, d. h. Bëscher, déi net bewirtschaft ginn, eng wichteg ekologesch Roll. Bis 2010 solle ronn 5 % vun de Gemengen- a Staatsbëscher zu Lëtzebuerg als Naturbësch klasséiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturbësch.

Gesondheetszoustand[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 2023 huet d'Naturverwaltung bei ronn 1.200 Beem, déi iwwer 50 Plazen am Land verdeelt sinn, en Inventaire iwwer de Gesondheetszoustand vun de Bëscher zu Lëtzebuerg gemaach. Nëmme méi 14,5 % vun de Beem ware gesond, iwwer 55 % sinn an engem mangelhaften gesondheetlechen Zoustand, an 12,3 % dovu si schonn ofgestuerwen.[7],[8]

Toponymie vun de lëtzebuergesche Bëscher[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Hess gëtt déi heiten Erklärunge fir déi geleefegst Nimm vu Bëscher zu Lëtzebuerg[9]:

  • "Haard" (resp. "Häerdchen") ass e laanggezunnene Bësch mat fräie Plazen, wou d'Véi konnt weeden. Deen Numm ass ze fanne bei Mompech, Iechternach, Allënster, Reisduerf, Conter, Dikrech, Dippech, Diddeleng, Biwer a Grenzen.
  • "Fenn" ass en héichgeleeëne suppege Bësch (vgl. Héicht Venn); beluecht ass den Numm zu Housen, Ëlwen an Aasselbuer, Fennkamp bei Eschweiler (Wolz) a Gefenn bei Kolpech.
  • "-wald": Bëscher mat deem Suffix goufe fréier "-wal" genannt, wéi haut nach bei Simmer an de Wal tëscht Diddeleng an Helleng.
  • "-holz heesche méi kleng Bëscher; vgl. Buchholz (Buchels), Eichholz (Eichels) a verschidden Uertschaftsnimm, déi dovun ofgeleet goufen.
  • "Lo, Léi, Loher" ass ze fanne bei Schieren, Diddeleng, Ëlwen, Bettenduerf, Reisduerf, Dellen, Kielen, a Rouspert.
  • "Fooscht[10], Faascht" kënnt vu 'Forst'[11]; et gëtt där Bëscher bei Fëschbech, Bungeref, Diänjen, Mompech, Rodebuer/Betzder, Bech, Gréiwemaacher a Stengefort, an an de belsche Grenzgebidder an der Provënz Lëtzebuerg[12]
  • "Ratt" kënnt heefeg vir, seng Bedeitung ass onkloer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration des eaux et forêts (éd.), 1971. La forêt du Grand-Duché de Luxembourg. 95 p. Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Administration des eaux et forêts, 1995. Naturräumliche Gliederung Luxemburgs: Ausweisung ökologischer Regionen für den Waldbau, mit Karte der Wuchsgebiete und Wuchsbezirke. Ministère de l'environnement, Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement rural, Administration des eaux et forêts, Luxemburg. Service central des imprimés de l'État, 65 S.
  • Administration de la nature et des forêts (éd.), 2012. Patrimoine historique et culturel en forêts luxembourgeoises. 114 S. ISBN 978-2-9599675-6-6 (D'Buch enthält kee Publikatiounsjoer, och d'Dréckerei ass net genannt).
  • Anonyme, 2008. Dossier: Bësch. Forum Nr. 280.
  • Helbach, J., 2014. Die Geschichte des Luxemburger Waldes im Laufe der Jahrhunderte. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 1. Oplo 2004; 2. Oplo 2014, 413 S. ISBN 978-99959-098-4-
  • Niemeyer, T., C. Ries & W. Härdtle, 2010. Die Waldgesellschaften Luxemburgs. Vegetation, Standort, Vorkommen und Gefährdung. Ferrantia 57. 122 S. Luxembourg. ISSN 1682-5519.
  • Wagner, Marc (coord.), 2003. La forêt luxembourgeoise en chiffres. Résultats de l'inventaire forestier national au Grand-duché de Luxembourg 1998-2000. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement rural, Administration des eaux et forêts, Luxembourg. Graphic Press, Mamer. 210 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Reportagen „Lëtzebuerger Bëscher“ op rtl.lu (Mee 2021)[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Luxemburgs Wälder." In: forum Nr.416, April 2021, S.31.
  2. La forêt luxembourgeoise en chiffres. Gekuckt de(n) 16 januar 2021.
  3. Portail de l'environnement opgeruff den 31. Januar 2011
  4. Wem gehört der Wald? op privatbesch.lu
  5. Forêts et ses services écosystémiques. Gekuckt de(n) 16 januar 2021.
  6. Donnéeë vun ëm 1970
  7. Charel Thillen: "De Lëtzebuerger Bësch ass a schlechtem Zoustand." rtl.lu, 27.09.2023.
  8. "Les résultats de l'inventaire phytosanitaire 2023 des forêts du Luxembourg." Communiqué op anf.gouvernement.lu, 27.09.2023.
  9. Joseph Hess: Altluxemburger Denkwürdigkeiten, Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Luxemburg 1960, S. 37-39.
  10. Cf. d'Fooschtbaach an der Gemeng Ëlwen.
  11. Den Dictionnaire des noms de lieux en Wallonnie et à Bruxelles, seet Faascht kéim aus dem ale Franséische faisse (lat: fascia), wat eng Strëpp vu Wise bedeit. Als Beispiller vun Uertschaftsnimm déi dovun ofgeleet sinn, gëtt en un: Faascht, Fachelles am Hainaut, Faches bei Gouvy, Fachotte bei Nivelles a Fachu bei Soignies
  12. Cf. d'Uertschaft Faascht bei Arel an de Faaschterhaff