Routbuch

Vu Wikipedia
Routbuch
Routbuch (Fagus sylvatica)
An anere Sproochen fr: hêtre commun
de: Rotbuche
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Fagaceae
Ënnerfamill Fagoideae
Gattung Bichen
Wëssenschaftlechen Numm
Fagus sylvatica
Linnaeus
Holz vun der Routbuch
Friichte vun der Routbuch

D'Routbuch (Fagus sylvatica) ass e Lafbam aus der Gattung vun de Bichen (Fagus). Hiert natierlecht Verbreedungsgebitt zitt sech iwwer grouss Deeler vun Europa. Hiren Numm huet se well hiert Holz liicht roudelzeg ass.

Mëschbëscher mat engem héijen Undeel u Routbuche bilden déi natierlech Vegetation a groussen Deeler vu Mëtteleuropa. D'Routbuch gëllt als Indikator fir en atlantescht Klima. Et fënnt ee s'a ganz Europa mat Ausnam am nërdleche Skandinavien. Am Süden an am Oste vun Nordbulgarien sinn an hirer Plaz d'Fagus orientalis an d'Zwëscheform Fagus moesiaca ze fannen.

Se geet am beschten op Kallekbiedem an op duerchlässege Sandbiedem, a verdréit keng Biedem mat Staunätzt.

Déi gréisst Bëscher zu Lëtzebuerg an deenen d'Routbuch als Haaptholzaart virkënnt sinn de Gréngewald an de Bambësch. Et fënnt ee s'awer och op de Koppe vum Minett oder soss iwwerall duerch d'Land, dacks mat Eeche vermëscht. Am Éislek ass et och déi natierlech Holzaart, gouf awer do am Laf vun de leschten 2 Joerhonnerten, am Ufank duerch Eechen am Louheckebetrib, an duerno duerch d'Uplanze vun Nolenhëlzer verdrängt.

D'Routbich war 1990 an 2022 Bam vum Joer.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Habitus[änneren | Quelltext änneren]

D'Routbuch ka bis zu 30 Meter héich ginn, an engem dichte Bësch bis zu 45 Meter. De Stammduerchmiesser kann am Fräistand bis zu 2 Meter erreechen a si ka bis zu 300 Joer al ginn, et goufen awer och scho méi al Exemplaire fonnt.

D'Kroun vun enger ausgewuesener Buch kann op bis zu 600 m2 Schiet maachen, si blitt an dréit Friichten an engem Alter vun ongeféier 30 bis 200 Joer.

Schuel[änneren | Quelltext änneren]

Hir dënn Schuel vun den Äscht ass am Ufank donkelgréng bis schwaarz a glat, no e puer Woche gëtt se awer scho méi hell. U méi décken Äscht an um Stamm ass se meeschtens hellgro a Läinzeeche vun den ofgestuerwenen Äscht bleiwe joerzéngtelaang siichtbar. D'Schuel deent sech mam Wuesstem aus, an et bilde sech ganz reng Längsrësser. Bei méi ale Routbuche gëtt d'Schuel um Stammfouss méi graff a rësseg, awer bleift am Géigendeel vun anere Bamaarten um Haaptstamm dënn an glat.

Blieder[änneren | Quelltext änneren]

D'Blieder hunn d'Form vun engem Ee, se hunn eng kuerz Spëtzt a sinn un der Basis käilfërmeg oder ofgeronnt. Si sinn tëscht 7 an 10 cm laang a bis zu 5 cm breet. De Blatrand ass welleg bis liicht gebucht a behoert. Och op der Blatënnersäit sinn d'Haaptnerve behoert. De Blatstill ass 1,0 bis 1,5 cm laang. Am Summer sinn d'Blieder uewendrop blénkeg donkelgréng an ënnendrënner hellgréng. Am Hierscht verfierwen se sech blatzeg-giel, spéider orangerout bis routbrong. Dacks bleiwen och nach verdréchent Blieder un den Äscht hänken.

Bewirtschaftung[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Buch am Eenzelstand Tendenz huet späreg Äscht ze bilden, muss se grad sou wéi z. B. d'Kifer an der Jugend no beienee stoen, a solle gläichméisseg grouss ginn.

Fir Wäertholz ze zillen, brauch d'Buch frësch, déifgrënneg an nierstoffräich Biedem. Eng natierlech Verjüngung op sou Plazen ka bei net ze laangen Ëmdriffszäiten (130 Joer) scho Buche mat respektablen Dimensiounen a gudder Qualitéit liwweren.