Bambësch

Vu Wikipedia
Den CR 181, Ofzweigung Rue des Sept-arpents, am Bambësch

De Bambësch ass e Bësch an der Gemeng Lëtzebuerg. E läit am Norde vun der Stad.

De gréissten Deel läit op engem Plateau tëscht dem Reckendall an dem Briddel op enger Duerchschnëttshéicht vun 326 Meter. De Bambësch huet eng Fläch vu ronn 679 ha, an ass domat nieft dem Gréngewald ee vun den zwéi gréisste Bëschmassiver zu Lëtzebuerg.

Am Süden a Weste gëtt de Bambësch begrenzt duerch d'Millebaach an d'N12 déi vun de Siwebueren op Koplescht féiert an do op enger grousser Streck praktesch d'Grenz mécht tëscht dem Bambësch an dem Stroossener Bësch, am Norden ass et den CR181 vun der Gafelung vum Wee fir op d'Juegdschlass un, bis op de Rond-point mat dem CR215, an ongeféier 170 Meter duerno an Direktioun Koplescht e Bëschwee tëscht dem Bambësch an dem Roudebësch deen op der N12 erauskënnt. Am Osten ass et e Feldwee dee vum Juegdschlass aus iwwer d'Eecherfeld féiert an op Siwemuergen an der Millebaach erauskënnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bambësch – Biller, Videoen oder Audiodateien