Spillplaz am Bambësch

Vu Wikipedia
Spillplaz am Bambësch
D' "Dräi Eechelen" op der Spillplaz am Bambësch
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'56,46"N, 6°6'52,02"O
Ugeluecht 2023
Fläch 1 ha

D'Spillplaz am Bambësch ass eng ëffentlech Spillplaz am Quartier Millebaach vun der Stad Lëtzebuerg.

Déi ursprénglech Spillplaz déi Enn vun den 1960er Joren am Bambësch amenagéiert gouf, war net méi konform zu den aktuelle Sécherheetsnormen a se gouf doropshi komplett renovéiert an am Sënn vun der Inklusioun nei ekipéiert.

D'Spillplaz huet en direkte Bezuch zur Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg andeems een historesch Monumenter, Legenden a geschichtlech Evenementer am Design vun der neier Spillplaz erëmfënnt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De fréiere Sanatorium am Bambësch (1925)

Schonn uganks vum 20. Joerhonnert gouf d'Plaz vun der aktueller Spillplaz fir Fräizäitaktivitéite gebraucht an am Mee 1910 huet den Demy Gehlen-Pastoret do d'Waldschenke Baumbusch opgemaach[1].

Do dernieft gouf et och tëscht Mee 1920 an 1924 e Sanatorium[2] [3]. Wéi deen 1931/32 ofgerappt gouf, ass 1933 en Terrain fir Päerdsdressur amenagéiert ginn.

1956 gouf am Bambësch d'Weltmeeschterschaft am Cyclocross organiséiert.

Déi éischt Spillplaz am Bambësch ass 1968 amenagéiert ginn.

Haiteg Spillplaz[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 2020 huet de Stater Schäfferot decidéiert, datt d'Spillplaz aus den 1960er Jore komplett sollt renovéiert ginn, absënns fir datt se konform mat de Sécherheetsbestëmmungen an inklusiv soll sinn, sou datt se och vu Mënsche mat Behënnerunge ka benotzt ginn.

D'Spillplaz gouf vum däitsche Landschaftsgäertnerbüro Schwarze und Partner an Zesummenaarbecht mam Stater Bëschservice geplangt an amenagéiert. Se ass a verschidden Zone jee no Alterskategorie vun de Kanner agedeelt. Fir e Bezuch zur Geschicht vun der Stad ze maachen, goufen ë. a. d'Dräi Eechelen, de Bockfiels, d'Schlassbréck an d'Festungsmauer an déi eenzel Installatioun agebaut.

Ronderëm d'Spillplaz sti Picknicksdëscher an am Agank gëtt et Sanitäranlagen.

De Budget fir d'Reamenagement vun der Spillplaz läit bei 3,75 Milliounen Euro.

Déi nei Spillplaz ass de 24. Mee 2023 ageweit ginn; deselwechten Dag gouf och d'Linn 33 vun de Stater Bussen ageféiert, fir den Accès mam ëffentlechen Transport vun der Stad aus an de Bambësch z'erméiglechen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spillplaz am Bambësch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (de)Norbert Entringer, Quer durch die hauptstädtischen Hotels, Gast- und Vergnügungsstätten.. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 233/234, p. 9. (Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg) (22.08.1970). Gekuckt de(n) 25.05.2023.
  2. (de)Sanatorium du Baumbusch. In: Luxemburger Illustrierte (09.09.1925). Gekuckt de(n) 25.05.2023.
  3. (fr)Au Sanatorium Baumbusch. In:. L'indépendance luxembourgeoise, 53. Jg., nº 141/142, p. 2. (Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg) (21.05.1923). Gekuckt de(n) 25.05.2023.
  • Quell wou net anescht uginn: Pressedossier vun der Stad Lëtzebuerg