AVL-Linn 33

Vu Wikipedia
AVL-Linn 33
D'Linn 33 um Terminus am Bambësch
Houwald - Bambësch
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Waassertuerm 49°34'41,5"N, 6°8'51,5"O
op Bambësch, Centre sportif 49°37'56,86"N, 6°6'37,40"O
iwwer Houwald, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Millebaach, Rollengergronn/Belair-Nord
Bustyp Standardbus
opgaang 10. Dezember 2023
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.028 m, 14.982 m
Fuerzäit 39 min, 44 min
mëttel Vitess 18,50 km/h, 20,43 km/h

D'AVL-Linn 33 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 10. Dezember 2023 all hallef Stonn um Trajet Houwald, Waassertuerm - Bouneweg - Garer Quartier - Uewerstad - Lampertsbierg - Eech - Millebaach - Rollengergronn - Bambësch, Centre sportif an zeréck.

Nodeems d'Linn de 24. Mee 2023 agefouert gouf fir bei d'Spillplaz am Bambësch ze fueren, gouf den Trajet am Dezember 2023 vun der Stad aus a Richtung Süden op Bouneweg an den Houwald verlängert. Tëscht Eech an dem Bouneweger Lycée fiert se parallel mat der Linn 3 a vun der Uewerstad bis op Bouneweg och parallel mat der Linn 5.[1] Um Houwald huet se den Terminus gemeinsam mat der Linn 3.

Eemol an der Stonn fiert s'um Houwald bis bei de C.I.P.A., als Ersatz fir d'Linn 3, déi dat virdru gemaach huet.

D'Linn huet 25 Halten um Aller an der 26 um Retour.

Halten op der Linn 33[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 33 Bemierkung
Howald, Waassertuerm gemeinsamen Terminus mat der Linn 3
Howald, Minsbësch
Howald, Bei der Kierch
Howald, Jhangeli
Howald, C.I.P.A. nëmmen eemol pro Stonn
Lycée Bouneweg / LTB
Willibrord
Léon XIII
Fraternité
Virchow
Huese Vic
Wallis
F. D. Roosevelt
Hamilius
Fondation Pescatore
Theater
Kiischtewee
Alen Eecher Bierg
Octroi
Eecher Plaz
École Eich
Eecher Schmelz
Siwemuergen
Peiffeschbierg
Villeroy & Boch
Bambësch, Centre sportif Quai 2
Bambësch, Centre sportif Quai 1

Entwécklung vun der Linn 33[änneren | Quelltext änneren]

  • virun 2018: et gouf keng Linn mat der Nummer 33
  • 15. Oktober 2018 - 12. Dezember 2020: Kierchbierg, Poutty Stein - Stäreplaz / Étoile - Stroossen, Primeurs

D'AVL-Linn 33 ass an de Spëtzestonne vu méindes bis freides all 15 Minutte gefuer an huet absënns d'Verbindung tëscht den interregionale Buslinnen déi op der Busgare Luxexpo ukoumen an den administrative Gebaier ronderëm d'Rue des Primeurs zu Stroosse gemaach. D'Linn hat 9 Halte pro Richtung.

D'Linn hat sech mat der Erweiderung vun der Tramslinn T1 op d'Gare net méi rentéiert a gouf zougemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: AVL-Linn 33 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Adaptations horaires | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-29.