Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 28

Vu Wikipedia
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

AVL-Linn 28
Eng Linn 28 um fréiere Sonndestrajet, op der Kräizung Al Avenue / Al Bréck
Houwald - Gare
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Op der Stirzel
op Lëtzebuerg, Gare Centrale 49°36'3,0503"N, 6°8'1,5562"O
iwwer Houwald, Gaasperech, Garer Quartier, Bouneweg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 15. Juli 2023
zougemaach 6. Juli 2024
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 12 min, 15 min

D'AVL-Linn 28 war eng Buslinn vun de Stater Bussen déi vum 15. Juli 2023 bis de 6. Juli 2024 um Trajet Houwald, Op der Stirzel - zone artisanale et commerciale ZAC - Cloche d'or - Gare an dann iwwert d'Gare-Rocade zeréck op den Houwald gefuer ass.

D'Linn 28 huet d'Linn 29 um Trajet vum Houwald iwwert d'Cloche d'or op d'Gare verstäerkt an ass vu méindes bis freides all 10 bis 15 a samschdes all 20 Minutte gefuer. Se hat 6 Halten um Aller an der 7 um Retour. Se huet 27 Minutte fir e kompletten Aller-Retour gebraucht.

Wéi de 7. Juli 2024 d'Tramslinn T1 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, war d'Linn 28 obsolet a se gouf zougemaach.

Halten op der Linn 28

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)

Linn 28

Aller + Retour

Bemierkung
Howald, Op der Stirzel
Howald, Ronnebësch Gare Houwald
Howald, P+R Lux-Sud
Gerhard Mercator
Francophonie
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Wallis
Gare Rocade Gare Lëtzebuerg
Francophonie
Gerhard Mercator
Howald, P+R Lux-Sud
Howald, Ronnebësch Gare Houwald
Howald, Op der Stirzel

Entwécklung vun der Linn 28

[änneren | Quelltext änneren]
  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 28
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Stroossen - Belle Étoile - (Bartreng/Europaschoul ll)

Am Kader vum Tramsschantje gouf de 15. Oktober 2018 den Trajet an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 28 ass vun dunn un a Richtung Gare net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer. Méi spéit, den 3. November 2019 ass och d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad ugepasst ginn an d'Linn ass dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, huet d'Linn 28 zum “service coordonné AVL/RGTR” gehéiert.

  • 13.12.2020 - 11.03.2023: wiertes all véierel a sonndes all hallef Stonn um Trajet Hesper, Cité um Schlass - Houwald (zone artisanale et commerciale ZAC) - Bouneweg - Gare-Rocade - Gare - Gaasperech - Houwald, P+R Lëtzebuerg-Süd an zeréck. Se huet Deeler vun de fréiere Linne 16 (Trajet Cité um Schlass - Gare Lëtzebuerg) an 21 (P+R Lux-Sud - Gare) ersat, déi am Kader vun der Verlängerung vum Tram bis op d'Gare am Dezember 2020 geännert goufen.
  • 12.03.2023 - 14.07.2023: Houwald, Op der Stirzel - zone artisanale et commerciale ZAC - Cloche d'or - Gare - Gare-Rocade - Bouneweg, Lycée Bouneweg / LTB.
Commons: Ligne 28 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]