AVL-CN1

Vu Wikipedia
AVL-CN1
E Bus vun der Linn CN1 a Clausen
City Night Bus 1
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Hollerech, P+R Bouillon 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O
op Zens, Waassertuerm 49°37'14,5420"N, 6°10'58,0465"O
iwwer Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Lampertsbierg, Pafendall, Clausen, Neiduerf, Zens
Bustyp Standardbus
opgaang Mee 2006
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 11.008 m, 11.127 m
Fuerzäit 39 min, 40 min
mëttel Vitess 20,30 km/h, 21,57 km/h

D'Linn CN1 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

An den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes fiert d'Linn CN1 all 10-15 Minutte vum P+R Bouillon iwwer d'Gare, d'Stad, de Glacis bis a Clausen a weider op de Zens. Déi Linn mécht haaptsächlech d'Verbindung tëscht den eenzele Plaze wou gefeiert gëtt, dem Stadzentrum an zwéi Parkingen.

No Hallefnuecht huet d'Linn CN1 all hallef Stonn Uschloss un d'Linnen CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7 an CN8 déi vum Hamilius aus an déi verschidde Quartiere vun der Stad fueren.

Halten op der Linn CN1[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn CN1 Bemierkung
P+R Bouillon
Hollerich, Kierfecht
Salzhaff / Schluechthaus
Jean-Baptiste Merkels
Fonderie
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Al Avenue
F. D. Roosevelt
Hamilius Uschloss un déi aner CN-Linnen
Fondation Pescatore
Theater
Fondation Pescatore
Badanstalt
Um Bock / Casemates
Plateau Altmunster
Clausener Bréck
Malakoff
Hierzekrëpp
Fixmer
Neudorf, Kierch
Neudorf, Brasserie
Neudorf, Kapell
Laangegronn
Fierschterhaus
Kalchesbruck
Tour Jacob
Melusina
Kéibierg-INS
Fort Dumoulin
Tawioun
Cents, Kierch
Robert Bruch
Trèves
Carmel
Camille Polfer
Cents, Waassertuerm

Entwécklung vun der Linn CN1[änneren | Quelltext änneren]

  • Den éischte Stater Nuetsbus gouf am September 1999 ënnert dem deemolegen Numm Late Night Bus agefouert. Den LN1 ass um Trajet P+R Bouillon - Gare - Stad - Clausen (Place Sainte-Cunégonde) gefuer.
  • An de Jore duerno, gouf d'Linn vu Clausen aus bis op den Zens bei d'Kierch verlängert.
  • zanter dem 24. November 2004 fueren d'Stater Nuetsbussen ënnert dem neien Numm City Night Bus.
  • den 1. Mee 2006 gouf den Trajet ugepasst, andeems de Parking Glacis mat ugefuer gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne CN1 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]