AVL-Linn 15
Linn 15 an der Bouneweger Strooss a Richtung Hollerech | |
Hamm - Hollerech | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Hamm, Ierzkaulen 49°36'18,14"N, 6°9'14,29"O |
op | Hollerech, P+R Bouillon 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O |
iwwer | Hamm, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Belair, Hollerech, Märel |
Bustyp | Hybrid Elektrobus, Elektrobus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 13.320 m, 13.339 m |
Fuerzäit | 432 min, 44 min |
mëttel Vitess | 18,59 km/h, 18,19 km/h |
D'AVL-Linn 15 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Hamm, Ierzkaulen - Zens - Fetschenhaff - Clausen - Stad - Hollerech - P+R Bouillon an zeréck. Verschidde Faarte fuere vun der Halt P+R Bouillon weider op den Terminus Celtes zu Märel.
D'Linn 15 huet 36 Halten um Aller an der 55 um Retour a fiert vu méindes bis freides all véierel Stonn, samschdes all 20 a sonndes all 30 Minutten.
Um Terminus Ierzkaulen ass geplangt eng Opluetstatioun fir Elektrobussen ze bauen[1].
Halten op der Linn 15
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 15 | Bemierkung | |
---|---|---|
Ierzkaulen | ||
Hamm, Colonie | ||
Hamm, Schoul | ||
Hamm, Kierch | ||
Rue Haute | ||
Käschtewee | ||
Rue de Bitbourg | ||
Peupliers | ||
Cents-Hamm, Halte CFL | Gare Zens-Hamm | |
Fetschebuer | ||
Pommiers | ||
Nic Rollinger | ||
Fort Dumoulin | ||
Kéibierg-INS | ||
Rumm | ||
Tour Jacob | ||
Clausener Bréck | ||
Plateau Altmunster | ||
Um Bock / Casemates | ||
Badanstalt | ||
Hamilius | ||
Wampach | ||
Rheinsheim | ||
Guillaume | ||
Bragance | ||
Alphonse Munchen | ||
Nancy | ||
Poincaré | ||
Salzhaff / Schluechthaus | ||
Athénée | ||
Conservatoire | ||
P+R Bouillon | ; gemeinsamen Terminus mat de Linne 17 an 22 | |
Marcel Cahen | nëmmen op vereenzelte Faarten | |
Barrière | nëmmen op vereenzelte Faarten | |
↓ | St Gengoul | nëmmen op vereenzelte Faarten |
Celtes | nëmmen op vereenzelte Faarten |
Entwécklung vun der Linn 15
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 01.04.1926 un ass déi Hämmer Linn um Trajet Stad - Bouneweg - Hamm - Polvermillen - Stad gefuer. Den 01.10.1962 krut se d'Linnen-Nummer 15.
- 1971 - 1977: Gare/Stad - Bouneweg - (Polvermillen) - Hamm
- 1977 - 1980: Gare/Stad - Bouneweg - Hamm
- 1980 - 1992: Gare/Stad - Bouneweg - Hamm - Cents - Polvermillen - Gare/Stad
- 1992 - 2003: Gare/Stad - Eech - Weimeschkierch - Rue des Sources - Dummeldeng, Parc de l'Europe
- 2003 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare/Stad - Eech - Weimeschkierch - Rue des Sources - Dummeldeng, Parc de l'Europe
- 2008 - 2015: Hamm - Bouneweg - Gare - Stad - Hollerech - Märel
- 2015 - 2019: Hamm - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Hollerech - Märel
De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet zu Hollerech / Belair liicht geännert an d'Linn 15 ass vun deem Moment un net méi duerch d'Rue Marie-Adélaïde, awer iwwer d'Rue de Bragance an d'Avenue Guillaume gefuer.
- 03.11.2019 - 12.12.2020: Hamm, Rue de Bitbourg - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Hollerech - P+R Bouillon
Mat der g'ännerter Linn a wéinst dem Tramsschantjen ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck geluecht ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: AVL-Linn 15 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Portail des marchés publics du Grand-Duché de Luxembourg - Marchés - 2202576. pmp.b2g.etat.lu. Gekuckt de(n) 15.12.2022.