AVL-Linn 32
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Houwald - Uewerstad | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Houwald, C.I.P.A. 49°35'20,7"N, 6°8'52,2"O |
op | Uewerstad, Badanstalt 49°36'48,6436"N, 6°7'44,0119"O |
iwwer | Houwald, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad |
Bustyp | Midibus |
opgaang | 15 Oktober 2018 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 6,684 km, 7,033 km |
Fuerzäit | 25 min, 27 min |
mëttel Vitess | 16,04 km/h, 15,63 km/h |
D'AVL-Linn 32 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 15. Oktober 2018 vu Méindes bis Samschdes all Stonn um Trajet Houwald, C.I.P.A. - Bouneweg - Verluerekascht - Gare - Stad an zréck. Vun deem Datum un, ass déi fréier Linn 31 an zwéin Deeler opgespléckt ginn: d'Linn 31 an d'Linn 32. D'Linn 32 fiert elo erëm op Deeler vun der Streck vun der fréierer Linn J2, déi bis de Mee 2015 bestanen huet.
Wéinst dem Tramsschantje féiert d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[1].
Halten op der Linn 32[änneren | Quelltext änneren]
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn 32[änneren | Quelltext änneren]
- virun 2018: et gouf keng Linn mat der Nummer 32
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019