AVL-Linn 17

Vu Wikipedia
AVL-Linn 17
E Bus vu FRISCH RAMBROUCH fir d'AVL op der Linn 17
Hollerech - Stad
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Hollerech, P+R Bouillon, Uewerstad, Monterey 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O
iwwer Hollerech, Uewerstad
Bustyp Gelenkbus
opgaang Mee 1992
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 2.363 m, 2.351 m
Fuerzäit 8 min, 8 min
mëttel Vitess 17,72 km/h, 17,63 km/h

D'AVL-Linn 17 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter Mee 1992 um Trajet P+R Bouillon - Hollerech - Stad an zeréck. D'Linn ass bis den 10. Dezember 2017 als Ronnfaart gefuer ginn, vun deem Dag un gëtt et awer elo en Aller an e Retour mat allkéiers 4 Arrêten. D'Linn 17 fiert vu méindes bis freides op d'mannst all 10 Minutten a samschdes[1] all 20 Minutten. Se fiert deelweis och sonndes (all 10 Minutten), wann an der Stad d'Butteker op sinn.

Halten op der Linn 17[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 17 Bemierkung
P+R Bouillon ; gemeinsamen Terminus mat der Linn 15 an der Linn 20.
Hollerich, Kierfecht
Heentze Park
Monterey

Entwécklung vun der Linn 17[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 15.03.1946 un ass déi Kierchbierger Linn op der Streck Pl. du Théâtre - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg gefuer. Den 01.10.1962 krut si d'Linnen-Nummer 17.
  • 1971 - 1981: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg
  • 1981 - 1992: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg - Stad - Gare. Eng Linn mat der Nummer 17A ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 17 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. vum 15. Oktober 2018 un; virdrun ass se samschdes net gefuer.