AVL-Linn 16
![]() | |
![]() E Bus vun der Linn 16 an der Aler Avenue | |
Hesper - Flughafen | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers |
vu(n) | Hesper, Cité Um Schlass 49°34'23,0527"N, 6°8'38,0144"O |
op | Aéroport Quai 1 49°38'5,2192"N, 6°12'55,3885"O |
iwwer | Houwald, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Kierchbierg, Sennengerbierg, Fluchhafe Lëtzebuerg |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 1 September 2003 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 15,713 km, 16.046 m |
Fuerzäit | 44 min, 42 min |
mëttel Vitess | 21,43 km/h, 22,92 km/h |
D'AVL-Linn 16 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 1. September 2003 um Trajet Hesper, cité um Schlass - Houwald - Gare - Stad - Kierchbierg - Flughafen; Sonndes gëtt den Deel tëscht der Gare an Hesper awer net ugefuer.
Fir net parallel mam Tram iwwer d'Avenue John F. Kennedy ze fueren, ass den 10. Dezember 2017 den Trajet um Kierchbierg liicht geännert ginn. D'Linn 16 fiert vun deem Dag un iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an de Circuit de la Foire internationale. Wéinst dem Tramsschantje féiert d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[1].
D'Linn 16 huet 18 Arrête pro Richtung; si fiert vu méindes bis freides all 10, samschdes all 20 a sonndes all 15 bis 30 Minutten. Op den Halte Rout Bréck - Pafendall a Luxexpo kann ee vun der Linn 16 op d'Tramslinn T1 ëmklammen.
Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 16 zum “service coordonné AVL/RGTR”.
Halten op der Linn 16[änneren | Quelltext änneren]
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn 16[änneren | Quelltext änneren]
Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 08.06.1931 un ass déi Pafendaller Linn um Trajet Stad - av. de la Liberté - Gare - Stadgronn - Pafendall gefuer. Den 01.10.1962 gouf si als Linn 16 bezeechent.
- 1971 - 1981: Stad - Gare - Stadgronn - Clausen - Pafendall
- 1981 - 1992: Gare - Stad - Pafendall - Clausen - Stadgronn - Gare - Stad. Eng Linn mat der Nummer 16A ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
- 1992 - 2001: Gare - Stad - Kierchbierg/Institutions Européennes
- 2001 - 2003: Hesper/Cité um Schlass - Gare - Stad - Kierchbierg / Edward Steichen
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ligne 16 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019