AVL-Linn 9
E Bus vun der Linn 9 an der Aler Avenue | |
Hamm - Neiduerf - Zens | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O |
op | Zens, Waassertuerm 49°37'14,5420"N, 6°10'58,0465"O |
iwwer | Garer Quartier, Uewerstad, Clausen, Neiduerf, Zens, Hamm, Bouneweg |
Bustyp | Elektrobus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 11.463 m, 11.773 m |
Fuerzäit | 36 min, 40 min |
mëttel Vitess | 19,11 km/h, 17,66 km/h |
D'AVL-Linn 9 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Hamm, rue de Bitbourg - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Clausen - Neiduerf - Zens, Waassertuerm an huet 29 Halte pro Richtung.
Um Zens huet se den Terminus zesumme mat der Linn 14 an zu Hamm mat de Linne 25 a 27.
D'Linn gëtt gréisstendeels mat Elektro-Hybrid oder Elektrobussen assuréiert. Um Terminus um Zens ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.
Halten op der Linn 9
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 9 (Aller) | Bemierkung | |
---|---|---|
Rue de Bitbourg | gemeinsamen Terminus mat de Linne 25 a 27 | |
Käschtewee | ||
Rue Haute | ||
Hamm, Kierch | ||
Hamm, Schoul | ||
Hamm, Colonie | ||
Englebert Neveu | ||
Montmédy | ||
Kofferfabrick | ||
Gabriel Lippmann | ||
Rotonde | ||
Gare Rocade | ||
Wallis | ||
F. D. Roosevelt | ||
Hamilius | ||
Badanstalt | ||
Um Bock / Casemates | ||
Plateau Altmunster | ||
Clausener Bréck | ||
Malakoff | ||
Hierzekrëpp | ||
Fixmer | ||
Neudorf, Kierch | ||
Neudorf, Brasserie | ||
Neudorf, Kapell | ||
Laangegronn | ||
Fierschterhaus | ||
Kalchesbruck | ||
Cents, Waassertuerm | gemeinsamen Terminus mat der Linn 14 |
Entwécklung vun der Linn 9
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 01.11.1952 ass d'Neiduerfer Linn op der Streck Fëschmaart - Clausen - Neiduerf an zeréck gefuer; vum 01.10.1962 un gouf se als Linn 9 bezeechent.
- 1971 - 1980: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf
- 1980 - 1983: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen
- 1983 - 1990: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen - Sennengerbierg - Nidderaanwen
- 1990 - 2015: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Findel - Flughafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun
- Juni 2015 - Mäerz 2016: Zens/Waassertuerm - Neiduerf - Clausen - Stad - Gare - Bouneweg - (Houwald). D'Linn 9 gouf als sougenannt "Kombilinn" gefuer, d. h. datt zwou RGTR-Linnnen (167 an 195) vun Izeg oder Peppeng zu Bouneweg op d'Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg koumen a vun do un um gemeinsamen Trajet als Linn 9 bis op den Zens gefuer sinn. De Fuerplang vun den zwou Linne war sou versat, datt um gemeinsamen Trajet vu méindes bis samschdes all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser "Kombilinn" haten och déi zwou Linnennummeren 9/167 oder 9/195 ugewisen
- 14.03.2016 - 12.12.2020: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Zens
Wéinst dem Tramsschantje ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: AVL-Linn 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019