RGTR-Linn 167
Déi fréier Linn 167 bei den Dräi Tierm | |
zougemaach | 13. Mäerz 2016 |
---|---|
![]() |
D'RGTR-Linn 167 war eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR bis den 13. Mäerz 2016 am Optrag vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen um Trajet Izeg - Lëtzebuerg / Gare - Uewerstad - Clausen - Neiduerf - Zens gefuer ass.
Entwécklung vun der Linn 167
[änneren | Quelltext änneren]Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Nohaltegkeetsministère ass se um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht der Halt Neufchâteau an dem Terminus Zens, Waassertuerm - zesumme mat der RGTR-Linn 195 als stättesch Linn 9. D'Fuerpläng vun den zwou RGTR-Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet (Linn 9) an der Woch all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser sougenannter "Kombilinn" hunn och déi zwou Linnennummeren 9/167 oder 9/195 ugewisen.
An der Stad fiert elo d'AVL-Linn 9 als eegestänneg Linn an de südlechen Deel vun der fréierer Linn 167 ass vun der Linn 144 iwwerholl ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: RGTR-Linn 167 – Biller, Videoen oder Audiodateien |