Neiduerf

Vu Wikipedia
Neiduerf
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'19,52"N, 6°9'52,52"O
En Deel vun de Gebaier vun der Funcke-Brauerei goufen erhalen, restauréiert (2012)…
a vergréissert (2021)…
…iwwerdeems anerer ëm 2013 ewechgerappt goufe fir neier an d'Plaz ze setzen.

D'Neiduerf ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Uertschaft bilt zesumme mam Weimeschhaff de Quartier Neiduerf/Weimeschhaff vun der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Vu Clausen aus verdeelt d'Uertschaft sech am grousse Ganzen op enger Längt vu ronn 2 km riets a lénks vun der der Rue de Neudorf (N1 „Tréierer Strooss“), bis op d'Grenze mat de Gemengen Nidderaanwen a Sandweiler.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Mansfeld 1604 gestuerwe war, ass säi Schlass lues a lues verfall. Aus de Maueren déi ronderëm sengem Déieregaart gebaut gi waren, hunn d'Leit aus de Faubourgen an de Joren duerno d'Steng geholl fir hir Haiser ze bauen. Am 18. Joerhonnert sinn ëmmer méi Leit an de fréieren Déieregaart wunne komm. Den Numm „Neiduerf“ daucht awer eréischt uganks vum 19. Joerhonnert, no der Franséischer Revolutioun op.

Wéi d'franséisch Truppen am November 1794 der Stad ëmmer méi no komm sinn, huet den deemolege Kommandant vun der Festung, von Bender, d'Haiser widder der Festungsmauer ofrappe gelooss, fir ze verhënneren, datt de Feind an d'Festung erakéim. D'Leit déi iwwert dëse Wee enteegent goufen, kruten nei Haiser am Huesegrënnchen zougewisen. Deen Deel gouf am Volleksmond „Nei(t)dierfchen“ genannt, en Numm, dee méi spéit fir déi ganz Uertschaft gegollt huet.

An den 1820er Jore stounge ronn honnert Haiser am Neiduerf, déi all mat Stréi gedeckt waren. Nodeems de 27. Abrëll 1845 eng ganz Rei Haiser duerch e Feier zerstéiert gi waren, goufen d'stréien Diech doropshi verbueden.

1852 ass de Wee deen duerch d'Neiduerf gefouert huet vum Staat iwwerholl ginn, deen en doropshin zu enger richteger Strooss ausgebaut huet, déi haiteg N1.

D'Neiduerf huet fréier – zesumme mam Weimeschhaff an dem Tawioun – zu der Gemeng Eech gehéiert, a koum du bei der Fusioun vun där Gemeng mat der Stad, den 1. Juli 1920 an d'Gemeng Lëtzebuerg.

Wéi den Henri Funck am Joer 1864 d'Brauerei Funck-Schamburger gegrënnt huet, war dat e grousse Schrack fir déi ekonomesch Entwécklung vum Quartier. Iwwert e Joerhonnert laang gouf am Neiduerf Béier gebraut, bis 1982 d'„Ancienne Brasserie Henri Funck“ wéi se du geheescht huet, zerguttst zougemaach gouf.

Déi éischt Schoul am Neiduerf gouf 1845 opgeriicht, d'Kierch am Joer 1901.

Am Januar 1922 gouf de Bau vun enger Tramsstreck vun der Stad bis a Clausen an an d'Neiduerf decidéiert a vum 16. Juli 1923 un ass den Tram do gefuer. Den 31. Oktober 1952 war et eriwwer mam Tramsbetrib op der Neiduerfer Linn an et goufe Busse agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]