RGTR-Linn 513
Lëtzebuerg - Peppeng - Beetebuerg | |
---|---|
Bedreiwer | Régime général des transports routiers |
vu(n) | LUX, Gare Rocade 49°35'59"N, 6°8'10"O |
op | Gare Beetebuerg 49°30'55"N, 6°6'7"O |
iwwer | Lëtzebuerg, Houwald, Hesper, Fenteng, Béiweng, Beetebuerg |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 7. Juli 2024 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Fuerzäit | 25 min, 23 min |
D'RGTR-Linn 513 ass eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Lëtzebuerg - Peppeng - Beetebuerg fiert. Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 195 gefuer.
Halten op der Linn
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht dem 1. Juni 2015 an dem 14. Mäerz 2016 ass d'Linn 195 um Trajet Peppeng - Léiweng - Fenteng - Hesper - Lëtzebuerg / Gare - Uewerstad - Clausen - Neiduerf - Zens gefuer. Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Nohaltegkeetsministère ass se um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht der Halt Neufchâteau an dem Terminus Zens, Waassertuerm - zesumme mat der RGTR-Linn 167 als stättesch Linn 9 gefuer. D'Fuerpläng vun den zwou RGTR-Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet (Linn 9) an der Woch all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser sougenannter "Kombilinn" hunn och déi zwou Linnennummeren 9/195 oder 9/167 ugewisen.
Vum 14. Mäerz 2016 un ass se dunn um Trajet Peppeng - Léiweng - Fenteng - Hesper - Lëtzebuerg / Kierchbierg, an der Woch (vu méindes bis samschdes) all 30 Minutten a sonndes all zwou Stonnen, gefuer.
Am Joer 2017 gouf den Terminus an der Stad vum Kierchbierg op d'Rocade verluecht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: RGTR-Linn 513 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 7. Juli 2024