RGTR-Linn 303
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) RGTR-Linn 118)
Lëtzebuerg - Tréier (D) | |
---|---|
Bedreiwer | Régime général des transports routiers |
vu(n) | LUX Kirchberg, Gare Luxexpo 49°38'10"N, 6°10'29"O |
op | Tréier 49°46'N, 6°40'O |
iwwer | Lëtzebuerg, Mäertert, Waasserbëlleg, Igel, Tréier |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 17. Juli 2022 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Fuerzäit | 47 min, 52 min |
D'RGTR-Linn 303 ass eng interregional Express-Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Kierchbierg - Waasserbëlleg - Igel - Tréier fiert.
D'Linn fiert vu méindes bis freides all Stonn, mat zousätzleche Faarten an de Spëtzestonnen. Samschdes gëtt et just e puer Faarten a sonndes fiert d'Linn guer net.
Halten op der Linn
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn
[änneren | Quelltext änneren]- Bis …[Wéini ?] war d'Linn 303 eng Linn op der Streck Lëtzebuerg / Kierchbierg - Industriezon Conter - Munneref - Manom (F). Se ass nëmme vu méindes bis freides daagsiwwer am Stonnentakt mat zousätzleche Faarten an de Spëtzestonne gefuer.
- Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 118 gefuer. Se ass zäitweis (bis 2017) iwwert d'Halt Mesenich frontière um Park and ride op der Grenz gefuer, mee déi Halt gouf duerno vun der fréierer Linn 119 ugefuer[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: RGTR-Linn 303 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ ACHTUNG: NEUER BUSFAHRPLAN FÜR LINIE 118 UND 119 op diegrenzgaenger.lu den 13. Juni 2017 (gekuckt de 4. Mäerz 2018)
All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 17. Juli 2022