Op den Inhalt sprangen

RGTR-Linn 321

Vu Wikipedia
RGTR-Linn 321
E Bus op der fréierer Linn 321 an der Avenue Monterey
Lëtzebuerg - Ueweraanwen
Bedreiwer Régime général des transports routiers
vu(n) LUX Kirchberg, Gare Luxexpo 49°38'10"N, 6°10'29"O
op Ueweraanwen 49°39'29,002"N, 6°14'43,001"O
iwwer Lëtzebuerg, Sennengerbierg, Hueschtert, Senneng, Nidderaanwen, Ueweraanwen, Rammeldang
Bustyp Standardbus
opgaang 17. Juli 2022
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 23 min, 27 min

D'RGTR-Linn 321 ass eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Kierchbierg - Hueschtert - Ueweraanwen fiert.

Halten op der Linn

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 321 Bemierkung
LUX Kirchberg, Gare routière Luxexpo
SENNINGERBERG, Rue du Golf
SENNINGERBERG, Charly's Statioun
SENNINGERBERG, Breedewues
HOSTERT (NIEDERANVEN), Stade Jos Becker
HOSTERT (NIEDERANVEN), Charlys Gare
HOSTERT (NIEDERANVEN), Kierfech
HOSTERT (NIEDERANVEN), Binnewee
HOSTERT (NIEDERANVEN), Betzberg
SENNINGEN, Um Kiem
SENNINGEN, Kierch
NIEDERANVEN, Routscheed
NIEDERANVEN, Laach
NIEDERANVEN, Op de Wolleken
OBERANVEN, Routstrach
OBERANVEN, Fielsenhaus
OBERANVEN, Schetzel
OBERANVEN, Rue d'Ernster
RAMELDANGE, Bounert
RAMELDANGE, Rëtsch
OBERANVEN, Gemeng

Entwécklung vun der Linn

[änneren | Quelltext änneren]
  • Mat der Nummer 125 gouf d'Linn den 1. Juni 2015 agefouert an ass deemools um Trajet P+R Bouillon (Hollerech) - Kierchbierg - Ueweraanwen an der Woch (vu méindes bis samschdes) all 20 Minutten a sonndes all Stonn gefuer.
  • Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Staat ass d'Linn 125 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht dem P+R Bouillon an der Halt Hôpital Kirchberg[1] um Kierchbierg - um selwechten Trajet wéi d'AVL-Linn 1 gefuer. D'Fuerpläng vun den zwou Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet wiertes all 10 Minutten, samschdes all 20 a sonndes all 30 Minutten a Bus zirkuléiert ass. D'Busse vun dëser sougenannter „Kombilinn“ hunn dowéinst dann och déi zwou Linnennummeren 1/125 ugewisen.

Mat der neier Nummeréierung vum RGTR-Reseau de 17. Juli 2022 gouf et follgend Ännerungen:

  • déi aktuell Linn 321 gouf virdrun als Linn 125 gefuer;
  • aus der fréierer Linn 321 (vu Lëtzebuerg iwwert Esch-Uelzecht op Weller) gouf déi nei 604.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: RGTR-Linn 604.

Commons: RGTR-Linn 321 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. virum 10. Dezember 2017: Halt John F. Kennedy