Peppeng
Peppeng | |
---|---|
De Baueremusée zu Peppeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Peppange de: Peppingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Réiser |
Buergermeeschter | Tom Jungen (LSAP) |
Awunner | 658 |
1.1.2014 | |
Héicht | 278 m |
Koordinaten |
49° 31’ 29’’ N 06° 07’ 52’’ O |
Peppeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Réiser
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Peppeng ass déi südlechst Uertschaft an der Gemeng Réiser. Se läit op enger Héicht tëscht zirka 265 an 295 m. Nopeschuertschafte si Léiweng am Nordwesten, Krautem am Nordosten, Helleng am Südosten a Beetebuerg am Südwesten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Januar 1974 sinn um Käitzebierg (Keitzenberg) bei Peppeng Siedlungsreschter aus der spéider Bronzezäit (11. Jh. viru Chr.) fonnt ginn.
Zu Peppeng sinn och Iwwerreschter vun engem Gebai, mat engem 'Praefurnium', aus gallo-réimescher Zäit erhalen. Dat Gebai gouf zimlech sécher 275 oder 276 n. Chr., deemno an der Zäit vun de germaneschen Afäll, zerstéiert.
Am Genoeserbusch goufen 2003-2005 Iwwerreschter vun enger Schmelzanlag aus dem 13./14. Joerhonnert fräigeluecht an ausgewäert.[1]
Verkéiersubannung
[änneren | Quelltext änneren]Wichtegst Stroosseverbindung ass den CR132, dee vu Beetebuerg op Peppeng kënnt. Et ass déi Peppenger Haaptstrooss (rue de Crauthem) a geet dann a Richtung Krautem weider. Den CR159 mécht d'Verbindung mat Léiweng.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- -ty-, Peppingen - Archäologische Reise in die Zeit der Urnenfelder-Kultur: Die Ergebnisse der Ausgrabungen auf dem Keitzenberg liegen vor; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 2. September 1982 (1 Photo).
- Pierre Back (Text) & Pit Hamen (Fotoen), Roeserbann; (Ed.Gérard Klopp), 2015; 220 S. (ill.). - Een Iwwerbléck iwwert d'Gemeng Réiser an hir siwen Uertschaften. ISBN 2-911992-68-7
- Norbert Quintus, Peppingen - Beiträge zur Geschichte eines alten Dorfes (Kurzausgabe 1985), op Basis vun engem Dokumentarband, deen 1982 verëffentlecht gi war; in: Peppéng a säin Dëschtennis, 1985; Ss. 7 - 86 (räich illustréiert).
- Michael Overbeck, Genoeserbusch - Zu den Wurzeln der Eisenindustrie in Luxemburg; erausgi fir de "Musée rural et des calèches" vu Peppeng, 2008; 128 S., ill.; bibliographesch Donnéeën op de Ss. 124-127.
- Waringo, R., Urnenfelderzeitliche Siedlungsüberreste bei Peppingen-Keitzenberg. Bericht über die Grabung 1974-75 mit einem Beitrag von Fernand Spier. (SD aus: Publications de la Section Historique de l'Institut Gr.-D. de Luxembourg. Vol. 94.)
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Baueremusée zu Peppeng
- Kutschemusée zu Peppeng
- Musée Métallurgie Ancienne
- Benediktinerinneklouschter zu Peppeng, zënter 1875.
- Kierch vu Peppeng
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Alex Federspil
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Peppeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Michael Overbeck: "Montanarchäologie in Luxemburg - Eisenverhüttung am Vorabend des Hochofenzeitalters." In. Fondation Bassin minier (Hg.): Mutations, Mémoires et perspectives du Bassin minier. Terres rouges - Approche interdisciplinaire et transnationale. Luxemburg: April 2010, S.21-33.