Standardbus

Vu Wikipedia
E restauréierte fréieren AVL Standardbus Magirus-Deutz 260SH110 aus dem Joer 1979

De sougenannte Standardbus gouf um Enn vun den 1960er Jore vu verschiddenen däitschen an aneren europäesche Busconstructeuren, an Zesummenaarbecht mam Verband öffentlicher Verkehrsbetriebe (VÖV), entworf a gebaut.

Fir der Abberzuel vu verschiddene Bustyppen déi an der Nokrichszäit entwéckelt goufen entgéint ze wierken, sollt en eenheetlechen Typ vu Bus entwéckelt gi fir engersäits de Clienten an awer och de Bedreiwer an de Chaufferen d'Liewe méi einfach ze maachen. De Standardbus gouf net nëmmen an Däitschland mä och zu Lëtzebuerg deen typesche Linnebus am Stadverkéier.

Am allgemenge Sproochgebrauch gëllt de Standardbus mat ca. 12 Meter Längt hautdesdaags als „normale“ Bus géintiwwer dem Gelenkbus.

Zu Lëtzebuerg ginn et schonn elektresch an Hybrid Standardbusser, awer och nach al Busser, déi mat Masutt bedriwwe ginn.