AVL-Linn 18

Vu Wikipedia
AVL-Linn 18
D'Linn 18 bei der Hollerecher Gare (2023)
Kockelscheier - Kierchbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Kockelscheier, Patinoire 49°33'55,2154"N, 6°6'30,6702"O
op Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O
iwwer Kockelscheier, Gaasperech, Garer Quartier, Uewerstad, Kierchbierg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 1. Juni 2015
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.870 m, 12.513 m
Fuerzäit 42 min, 41 min
mëttel Vitess 18,39 km/h, 18,31 km/h

D'AVL-Linn 18 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 1. Juni 2015 um Trajet Kockelscheier, Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg, Luxexpo an zeréck. De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet um Kierchbierg liicht geännert: d'Linn 18 fiert zënterhier vun der Halt Mathias Tresch iwwer de Circuit de la Foire Internationale an net méi iwwer d'Avenue John F. Kennedy op den Terminus Luxexpo Entrée Sud.

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Stad den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert.

D'Linn 18 bedéngt um Aller grad ewéi um Retour 26 Arrêten. Vu méindes bis freides fiert se all 7-8, samschdes all 15 a sonndes all 30 Minutten.

Halten op der Linn 18[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 18 Bemierkung
Kockelscheuer, P+R Patinoire
Kockelscheuer, Camping
Stade de Luxembourg
Schaarfen Eck
Cloche d'Or
Stengege Wee
Gaasperecher Bierg
Hollerich, Gare Gare Hollerech
Lascombes
Alsace
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Al Avenue
F. D. Roosevelt
Hamilius
Fondation Pescatore
Rout Bréck - Pafendall Gare Pafendall-Kierchbierg
B.E.I.
Jean Monnet
Antoine de St Exupéry
Konrad Adenauer
Avalon
Simone de Beauvoir
Léon Thyes
Mathias Tresch
Poutty Stein
Luxexpo Entrée Sud Gemeinsamen Terminus mat der Linn 21

Entwécklung vun der Linn 18[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 04.06.1952 un ass d'Linn Polvermillen - Zens vun der Stad aus gefuer; si krut den 01.08.1966 d'Linnen-Nummer 18.
  • 1971 - 1980: Gare - Stad - Polvermillen - Zens
  • 1980 - 1992: Stad - Gare - Polvermillen - Zens - Hamm - Bouneweg - Gare - Stad. D'Linn mat der Nummer 15 ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
  • 1992 - 1996: P+R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
  • 1996 - 1999: Cloche d'or - P+R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
  • 1999 - 2001: Cloche d'or - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
  • 2001 - 2008: Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
  • 2008 - 2015: Kockelscheier/Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 18 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]