Luxexpo

Vu Wikipedia
D'Luxexpo

Luxexpo The Box ass zanter Februar 2017 den Numm vum Ausstellungs- a Kongresszentrum um Kierchbierg, dat an den 1930er Joren[Wéini ?] als Foires Internationales à Luxembourg gegrënnt gi war an an uganks vun den 2000er Joren a Luxexpo ëmgenannt gouf. Bedriwwe gëtt e vun enger Société anonyme an där d'Stad Lëtzebuerg an d'Chambre de commerce Haaptaktionäre sinn[1]. D'Gebaier selwer gehéieren der Société immobilière du parc des expositions de Luxembourg (Sipel), där hir Haaptaktionären de Lëtzebuerger Staat an de Fonds Kirchberg sinn[2].

D'Halen um Kierchbierg goufen ëm 1970[Wéini ?] gebaut. Virdrun goufen déi sëllege Foiren a soss Evenementer an de Foireshalen um Lampertsbierg ausgedroen, déi 1935 opgeriicht an 1939 an 1952 erweidert goufen[3].

2003-2004 gouf e Kongresszentrum amenagéiert, fir do provisoresch Ministeschconseile vun der Europäescher Unioun ofzehalen ze kënnen, soulaang d'Alcide-De-Gasperi-Gebai, den haitege Konferenzzentrum fir d'Reunioune vun EU-Réit am Abrëll, Juni an am Oktober, ëmgebaut gouf. Den Architekt Jim Clemes krut dofir de Prix luxembourgeois d'architecture 2004[4].

All Joers ginn an den Hale vu Luxexpo Dosende vun Evenementer organiséiert, virop d'Fréijoersfoire (neierdéngs „Springbreak“) an d'Hierschtfoire („Home & Living Expo“), ma och soss Ausstellungen, Salonen, Kongresser a Baler oder Sportsevenementer wéi den Nuetsmarathon[5].

2015-2016 goufen d'Hale bannena moderniséiert an den techneschen Normen ugepasst. D'Hale 4 a 5 goufen ofgerappt, an d'Plaz koum e Parkhaus, an d'Südsäit gouf nei amenagéiert[2].

D'Hal 6 gouf 2015 vum Roude Kräiz als Struktur organiséiert, fir Leit, déi International Protektioun ugefrot hunn, provisoresch en Daach iwwer dem Kapp kënnen ze bidden. Zanter 2017 ginn do Leit ënnerbruecht, déi nees an hiert Land zeréck mussen, well se keen Asyl accordéiert kruten[6].

Vun 2002 bis zu senger Pensioun Enn 2017 war de Jean-Michel Collignon Direkter vun der Luxepo. Den 21. November 2017 huet de Verwaltungsrot de Morgan Gromy op den 1. Januar 2018 zum neie Generaldirekter ernannt[7].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michèle Sinner: "Überholt und abgehängt." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 20. Juni 2018, S.2-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Les halls d'exposition du Kirchberg deviennent « Luxexpo The Box »." lequotidien.lu, 10/02/17 12:26.
  2. 2,0 2,1 "Größer, moderner, flexibler - Renovierungs- und Modernisierungsarbeiten auf der Zielgeraden." wort.lu, 24. September 2016 um 06:00.
  3. J. P. Neuen, 1985, Der Stübben-Plan: Eine städtebauliche Schwärmerei, die nie Wirklichkeit wurde, ons stad 18/1985, S. 10
  4. "5 projets lauréats récompensés lors du prix luxembourgeois d'architecture 2004", Fondation de l'architecture et de l'ingénierie.
  5. Beispiller um Site thebox.lu.
  6. "Le centre pour primo-arrivants devient une «structure de retour»." wort.lu, 31 janvier 2017 à 17:12.
  7. Morgan Gromy neie Generaldirekter vu Luxexpo op wort.lu, den 21. November 2017