Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fonds Kirchberg)
Fonds du Kirchberg
Typ Établissement public
Grënnungsdatum 7. August 1961
Sëtz 4 Rue Érasme
L-1468 Lëtzebuerg
Leedung Félicie Weycker (Presidentin Verwaltungsrot)
Marc Widong (Direkter)
Homepage fondskirchberg.lu

De Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau du Kirchberg, kuerz Fonds du Kirchberg oder FUAK, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, deem seng Aufgab et ass, de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg urbanistesch z'erschléissen.

E gouf op onbestëmmt Zäit gegrënnt duerch e Gesetz vum 7. August 1961[1], e Gesetz, dat den 10. Oktober 1961 ergänzt[2] an duerno de 26. August 1965, den 28. August 1968, den 8. Juni 2004 an de 6. Dezember 2019 ëmgeännert gouf[3][4].

Déi éischt Aufgab vum Fong war et, d'Rout Bréck ze bauen. Nodeems de Staat d'Terrainen opkaaft hat, fir Europäesch Institutiounen ënnerzebréngen, huet de Fong deen nei Quartier developpéiert. Bis an d'1990er Jore war de Kierchbierg eng Usammlung vun eenzele Gebaier, déi méi schlecht wéi recht matenee verbonne waren, an dee vun enger Autobunn duerchgeschnidde war. Wéi sech ëmmer méi Banken um Kierchbierg néiergelooss hunn, gouf d'Autobunn zu engem stättesche Boulevard zeréckgebaut (déi haiteg Avenue John F. Kennedy) an e méi dichte Bebauungsplang, mat gemëschte Funktiounen, ausgeschafft[5].

Verwaltung vum Fong[änneren | Quelltext änneren]

De Fong ënnersteet haut dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, a gëtt vun engem Verwaltungsrot geréiert.

Presidente vum Verwaltungsrot[änneren | Quelltext änneren]

Datum President Bemierkung
... Fernand Pesch
Abrëll 2014[6] - Juni 2019[7] Patrick Gillen de P. Gillen gouf pensionéiert
zanter dem 10. Juni 2019 Félicie Weycker

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Datum Direkter Bemierkung
zanter Juli 2020[8] Marc Widong éischten Direkter; d'Funktioun gouf eréischt mam Gesetz vun 2019 agefouert[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marianne Brausch: Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau Kirchberg. Lëtzebuerg: Fonds Kirchberg, 2010.
  • Fernand Pesch: Le Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de KIRCHBERG: Histoire d'un mal-aimé. Esch-Uelzecht: Éditions Le Phare, 2014, ISBN 978-99959-37-99-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 7 août 1961 relative à la création d'un fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg. legilux.public.lu (16.08.1961). Gekuckt de(n) 17.07.2020.
  2. Loi du 7 août 1961 relative à la création d'un fonds d´urbanisation et d´aménagement du plateau de Kirchberg. - Annexe : Plan de situation du plateau de Kirchberg. legilux.lu (10.10.1961). Gekuckt de(n) 17.07.2020.
  3. "Mission du Fonds" op fondskirchberg.lu.
  4. 4,0 4,1 Loi du 6 décembre 2019 modifiant la loi modifiée du 7 août 1961 relative à la création d'un fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg. legilux.lu (10.12.2019). Gekuckt de(n) 17.07.2020.
  5. "Histoire" op fondskirchberg.lu.
  6. Immatriculation. Luxembourg Business Registers (26.10.2016). Gekuckt de(n) 17.07.2020.
  7. (J60) Fonds d'urbanisation et d'aménagement du Plateau de Kirchberg - Modification. Luxembourg Business Registers (29.11.2019). Gekuckt de(n) 17.07.2020.
  8. 7.000 nei Wunnengen an 10 bis 20 Joer. rtl.lu (17.07.2020). Gekuckt de(n) 17.07.2020.