Victor-Hugo-Hal

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Victor-Hugo-Hal
Entrée
Land Lëtzebuerg
Plaz Lampertsbierg
Stad Lëtzebuerg
Adress Avenue Victor-Hugo
Koordinaten 49° 37’ 14.51’’ N 06° 7’ 20.45’’ E
Datum vum Bau 1935, 1939, 1952
Genannt no Victor Hugo

D'Victor-Hugo-Hal ass eng Hal um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg.

Si gouf 1935 als Ausstellungshal gebaut, a gouf haaptsächlech dofir gebraucht, ier ëm 1970[Wéini ?] nei Ausstellungshalen um Kierchbierg fäerdeg goufen.[1].

1939 an 1952 gouf se vergréissert.

Markant Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit vun der däitscher Besatzung 1940-44 gouf d'Hal dacks genotzt, fir Rassemblementer vun der Nazipartei an hiren Organisatiounen ofzehalen. Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon doran déi Ried gehalen, an där en d'Zwangsrekrutéierung vun de Joergäng 1920-24 ugekënnegt huet. Eng Gedenkplack baussen um Gebai erënnert dorun.

1963 gouf et do eng grouss Ausstellung mam Titel Luxembourg 1963, histoire d'une ville millénaire. 1989 war eng weider grouss Ausstellung an den Halen iwwer d'Geschicht vum Land, ënner dem Titel De l'État à la Nation - 1839-1989. 150 Joer onofhängeg.

2021 war se ee vun den Impfzentre géint de SARS-CoV-2-Virus (kuckt dozou: COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Halle Victor-Hugo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. P. Neu: "Der Stübben-Plan: Eine städtebauliche Schwärmerei, die nie Wirklichkeit wurde." ons stad 18/1985, S. 10