AVL-CN2
Ausgesinn
|
| |
|
Bis den CN2 kënnt, dauert et nach e bëssen. | |
| City Night Bus 2 | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| iwwer | Uewerstad, Gaasperech, Zéisseng |
| Gefiertyp | Standardbus |
| opgaang | 15. Juli 2023 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Längt | 10.414 m |
| Fuerzäit | 29 min |
| mëttel Vitess | 21,54 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn CN2 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Se fiert zanter dem 15. Juli 2023 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Gaasperech an Zéisseng.
D'Linn CN2 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 25 Halten a brauch 29 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN2
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn CN2
[änneren | Quelltext änneren]- vu September 1999 bis den 2. November 2019: Stad - Lampertsbierg - Belair - Märel - Stad; bis de 24. November 2004 ass d'Linn ënnert dem Numm Late Night Bus 2 gefuer.
- vum 3. November 2019 bis de 14. Juli 2023: Stad - Bouneweg - Gaasperech - Zéisseng - Stad
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-CN2 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
