AVL-CN8
Ausgesinn
|
| |
| City Night Bus 8 | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| iwwer | Uewerstad, Hollerech, Gaasperech, Bouneweg, Garer Quartier |
| Gefiertyp | Standardbus |
| opgaang | 15. Juli 2023 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Fuerzäit | 24 min |
| mëttel Vitess | 22,43 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn CN8 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Se fiert zanter dem 15. Juli 2023 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Hollerech, Gaasperech (Cloche d'or) a Bouneweg.
D'Linn CN8 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 18 Halten a brauch 24 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN8
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn CN8
[änneren | Quelltext änneren]- virum 15. Juli 2023: et gouf keng Linn CN8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-CN8 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
