AVL-CN5
Ausgesinn
|
| |
| City Night Bus 5 | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| iwwer | Uewerstad, Kierchbierg, Weimeschkierch, Dummeldeng, Eech |
| Gefiertyp | Standardbus |
| opgaang | 2. Mäerz 2025 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Längt | 10.060 m |
| Fuerzäit | 24 min |
| mëttel Vitess | 25,15 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn CN5 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Se fiert zanter dem 2. Mäerz 2025 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Kierchbierg, Weimeschkierch, Dummeldeng an Eech.
D'Linn CN5 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 21 Halten a brauch 24 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN5
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
| Halten | Bemierkung | |
|---|---|---|
| Hamilius | ||
| Fondation Pescatore | ||
| Rout Bréck - Pafendall | ||
| B. E. I. | ||
| Paul Noesen | ||
| St Vith | ||
| Pierre-Eloi Schoué | ||
| Mäertesbuer | ||
| Weimerskirch, Duerf | ||
| Knupp | ||
| Tommys Bruch | ||
| Biechelchen | ||
| Van der Meulen | ||
| Van der Meulen | ||
| Dommeldange Gare | ||
| Dommeldange Contournement | ||
| Octroi | ||
| Crispinus | ||
| Badanstalt | ||
| Hamilius |
Entwécklung vun der Linn CN5
[änneren | Quelltext änneren]- virum 03.11.2019: et gouf keng Linn CN5
- 03.11.2019 bis den 01.03.25: Uewerstad - Kierchbierg - Weimeschkierch - Millebaach - Rollengergronn - Uewerstad.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-CN5 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
