AVL-Linn 7

Vu Wikipedia
AVL-Linn 7
Fréier Linn 7 op der Neier Bréck (2017)
Bouneweg - Kierchbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Bouneweg, Baden-Powell 49°35'59,93"N, 6°9'1,94"O
op Kierchbierg, Poutty Stein 49°38'8,4041"N, 6°10'9,1578"O
iwwer Bouneweg, Garer Quartier, Verluerekascht, Polvermillen, Hamm, Zens, Neiduerf, Kierchbierg
Bustyp Standardbus
opgaang 20. Juli 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.948 m, 13.207 m
Fuerzäit 40 min, 37 min
mëttel Vitess 19,42 km/h, 21,42 km/h

D'AVL-Linn 7 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen déi zanter dem 20. Juli 2020 um Trajet Bouneweg, Baden-Powell - Gare - Polvermillen - Zens - Neiduerf - Kierchbierg, Poutty Stein fiert.

D'Linn 7 huet 33 Halten um Aller an der 34 um Retour[1]. Tëscht der Gare an der Polvermille fiert se parallel mat der Linn 27 an tëscht dem Zens an dem Kierchbierg parallel mat der Linn 25. Se huet um Kierchbierg de betriblechen Terminus gemeinsam mat der Linn 12.

D'Linn 7 fiert vu méindes bis samschdes all hallef Stonn; de Fuerplang ass esou opgesat, datt um Trajet deen zesumme mat de Linne 27 oder 25 gefuer gëtt, all véierel Stonn e Bus fiert.

Halten op der Linn 7[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 7 (Aller) Bemierkung
Baden-Powell
Chalop
Jean Jacoby
Wisestrooss
Léon XIII
Dernier Sol
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Wallis
Laboratoire
Lavoisier
Général Patton
Pulvermuhl, Hammer Dällchen
Cents-Hamm, Halte CFL Gare Zens-Hamm
Cents, Kierch
Robert Bruch
Trèves
Carmel
Camille Polfer
Cents, Waassertuerm
Kalchesbruck
Fierschterhaus
Laangegronn
Neudorf, Kapell
Neudorf, Brasserie
Huesegrënnchen
Carrières
Bricher Gässel
Labours
Joseph Hackin
Hôpital Kirchberg
Luxexpo
Poutty Stein
Bricherhaff Nord betriblech Halt ouni Passagéierverkéier

Entwécklung vun der Linn 7[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 15.02.1929 un ass d'Linn Kräizgrënnchen op der Streck Stad - Kräizgrënnchen - Stad gefuer; vum 01.10.1962 u gouf se als Linn 7 bezeechent.
  • 1971 - 1978: Gare - Stad - Kräizgrënnchen
  • 1978 - 1990: Gare - Stad - Kräizgrënnchen - Centre Hospitalier
  • 1990 - 2001: Gare - Stad - rte d'Arlon - Centre Hospitalier
  • 2001 - 2011: (Cloche d'or) - P+R Luxembourg / Sud - Stad - Gare - rte d'Arlon - Centre Hospitalier
  • 2011 - 2015: Bartreng - Märel - av. Guillaume - Stad - Kierchbierg Rehazenter
  • tëscht Juni 2015 a Mäerz 2016 gouf et keng Linn 7
  • 14. Mäerz 2016 - 15. Juli 2018: Polvermillen, Hammerdällchen - Verluerekascht - Gare-Rocade - Gare - Stad - Kierchbierg, Rehazenter
  • 16. Juli 2018 - 2. November 2019: Verluerekascht - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Neiduerf - Kierchbierg
  • 3. November 2019 - 19. Juli 2020: Bouneweg, Jean-François Gangler - Gare - Polvermillen - Zens - Neiduerf - Kierchbierg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 7 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. inklusiv der betriblecher Halt Bricherhaff Nord