Gare Zens-Hamm
![]() D'Ausbauaarbechten an der Gare Zens-Hamm sinn nach am Gaang (2018) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 29. September 1991 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Hamm |
Koordinaten | 49°36'53,402"N, 6°9'55,422"O |
Héicht i. M. | 306 m |
Reseau | |
Statiounscode | Cs |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 51.660 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Lëtzebuerg, Gare Sandweiler-Conter |
![]() |
D'Gare Zens-Hamm ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg a gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Lëtzebuerg an der där vu Sandweiler-Conter.
D'Gare huet eng speziell Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit awer kee Park & Rail-Parking. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen. D'Gare gehéiert zum Pôle d'échange Zens-Hamm a läit um Trajet vun der Vëlospist PC27 (Polvermillen - Stadbriedemes).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare ass ursprénglech den 29. September 1991[1] op der eegleiseger Tréierer Streck opgemaach ginn. Nieft der Gare bestoung eng Barriär (PN. 56), ënnerzeg vun der Rue des Alouettes um Zens. D'Gare déi ursprénglech westlech vun där Barriär, laanscht dem Äppelwee louch, gouf am Kader vun der Moderniséierung an dem Ausbau vun der Zuchstreck ëstlech vun der Barriär, nei ugeluecht. Op dëser Plaz ass se zanter dem 13. Dezember 2015 a Betrib. Zanterhier besteet och d'Barriär net méi a se gouf mat enger Bréck ersat, déi den Äppelwee an d'Rue des Alouettes mam Hammer Dällche verbënnt.
Bis 2019 gouf d'Streck vun engem op zwéi Gleiser ausgebaut; mam Zuchbetrib um zweete Gleis goung och den zweete Quai op.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich)
[änneren | Quelltext änneren]Richtung Waasserbëlleg
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RB | Sandweiler-Conter | Waasserbëlleg | ||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RB | Sandweiler-Conter | Tréier - Wittlich |
Richtung Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Gare op der aler Plaz (Mäerz 2008)
-
En Zuch op der neier Halt (Dezember 2015)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Zens-Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Zens-Hamm
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Zens-Hamm op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Zens-Hamm op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Zens-Hamm op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
- Rita Ruppert, 2015, Eine Hürde ist geschafft - Erster Gleisabschnitt und zwei neue Haltestellen ab Sonntag in Betrieb op wort.lu, gekuckt den 13.12.2015
- Rita Ruppert, 2015, Licht am Ende des Tunnels - Erster Gleisabschnitt und zwei neue Haltestellen ab Sonntag in Betrieb am Wort, Nr. 289 vum 11.12.2015, S. 26
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Spots in Kürze" Revue, 2. Oktober 1991.